
Sougenannt kënschtlech Intelligenz ass iwwerall, an de Hype ass risegrouss. Wäerte mir deemnächst Bezéiunge mat Chatbots féieren a Sex mat AI hunn? Oder wäerte mir eng Flut u Falschinformatiounen an der sexueller Bildung erliewen, déi vu grousse Sproochemodeller verbreet ginn, wärend Berodungsstelle mat richtege Mënschen hir finanziell Mëttele gestrach kréien? De Joël, Kelly an d’Ella diskutéieren iwwert Vir- an Nodeeler vu KI, erzielen iwwert hir Erfarunge beim Flirte mat ChatGPT a prognostizéieren zukünfteg AI-Geschäftsmodeller fir Datingapps. An der Rubrik erkläert d’Ella, wat et mat der Petitioun Nummer 3198 op sech huet.
Shownotes:
Dem Joël säin Essay iwwer AI: Der Computer bleibt dumm
Nicola Döring et al.: The Impact of Artificial Intelligence on Human Sexuality: A Five-Year Literature Review 2020–2024
Nicola Döring: Jugendsexualität und Künstliche Intelligenz – Empfehlungen für die Sexual- und Medienpädagogik
KI gegen Einsamkeit: Die Illusion von Gesellschaft