#056 Erfarung fält net vum Himmel

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#056 Erfarung fält net vum Himmel
Loading
/

D´Entdeckungsrees iwwer den eegene Kierper soll sech net ufille wéi en iwwerfëllten Owend op der Schueberfouer, wou e gestouss a vu jidderengem op d´Féiss getrëppelt gëtt. Wéi kann een ellen Erfarunge vermeiden a sech awer selwer kenne léieren? Iwwer schéi Weeër bis zum Punkt vun der Loscht schwätzen d´Liz, d´Laurence an d´Anne an der neier Folleg vu Méi wéi Sex.

An der Rubrik schwätz d’Kelly iwwer etheschen Pornokonsum, d’Mainstream-Porno-Industrie an fair porn.

Ressourcen zum Thema vun der Rubrik:
– Sex-Positive Porn
https://www.allure.com/story/best-porn-sites-for-women?fbclid=IwAR2hCNV0MtFN9zsUxilDNEmkiYzS6jSX0sP7CWOGi–wXrghsysC3VHueVg
– Educational Porn / Sexual Education Webseries https://sexschoolhub.com
– Audio Porn
https://www.forbes.com/sites/frankicookney/2019/08/22/audio-porn-is-a-booming-business-and-here-are-5-of-the-best/

#055 Verhütung

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#055 Verhütung
Loading
/

Den Elie an d’Kelly schwätzen iwwer Verhütung (och nach: Contraceptioun) a froen sech: Wat fir Verhütungsmëttele gëtt et? Wéie Verhütungsmëttel ass dat richteg fir mech? Wéi benotzen ech et richteg? A wat si Vir- an Nodeeler?

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een an Zäite vun der Quarantän gesond bleiwe kann.

Ressourcen:
macontraception.lu
safersex.lu
liebesleben.de

#054 Net-Kannerwonsch (auf Deutsch)

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#054 Net-Kannerwonsch (auf Deutsch)
Loading
/

Du bass jonk, waart mol of! Wien këmmert sech soss em dech, wann s de al bass? Dat ass dach natierlech, firwat fäls du aus der Rei? D´Reaktiounen, déi ee kritt, wann ee keng Kanner wëll, si villfälteg. Dacks sinn se grenziwwerschreidend a léisen Drock aus. D´Anne a säi Frënd Max, déi zesummen decidéiert hunn, keng eege Kanner ze kréien, plaidéiere fir en aneren Ëmgang mat sou Froen an der Gesellschaft.

D’Kelly schwätz an der Rubrik “How to stay safe in Luxemburg” iwwert: wou een sech kann testen loossen, wéi een verhüten kann an wou een Berodung fënnt, wann een sech net sëcher ass/fillt.
Infos zu STIs: www.safersex.lu, www.liebesleben.de
Verhütungsmëttelen: www.macontraception.lu
Gratis HIV-Test zu Letzebuerg: dimps.lu

#053 Playpartyen

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#053 Playpartyen
Loading
/

Op eng Party goen, fir do sexuell Erfarungen ze hunn, vläicht och nach an der Grupp? Dat ass guer net esou onméiglech, wéi et vläicht klengt. De Joël schwätzt dës Kéier mat sengem Gaascht Anne doriwwer, wéi et ass, op Playpartyen ze goen, wéi een*t sech dorobber virbereet, wéi ee*nt mat Erwaardungen ëmgeet a wisou Konsens op sou Plazen immens wichteg ass.

#052 Méi wéi Speck

Méi wéi Sex – Staffel 2
Méi wéi Sex – Staffel 2
#052 Méi wéi Speck
Loading
/

Net all Kierper huet déi selwecht Form – an dat ass och gutt esou! Haut geet et ëm mockeleg sinn. D‘Anne an de Joël erzielen, wéi si an hir Kierperen erlieft hunn, wat frustréiert huet a wéi si geléiert hunn, hire Speck ze appreciéieren. Ee Gespréich iwwert Iessen, Danzen, Nudes, Kleedung a Prominenter, déi eng Virbildfunktioun kënnen hunn.

Hei d’Foto vum Joël iwwert déi mir am Podcast schwätzen.