Leider ginn ëmmer erëm Koppelen an Therapie, wann et schonn ze spéit ass. Wat ee méi laang waart, wat de Gruef méi grouss gëtt, a wat et méi schwéier ass iwwer Verletzunge wech ze kommen a Saachen ze reparéieren.
Vill besser ass et méi fréi professionell Hëllef opzesichen.
Eng gutt Fro: Wat ass eng Bakteriell Vaginose a wéi kann een*t géint se virgoen?
/
Share
Link
Embed
Bakterielle Vaginose (BV) an änlech Infektioune wéi Vaginalpilz gi vun engem Ongläichgewiicht an der Vaginalflora ausgeléist. Se kënne ganz ongemittlech sinn, sech awer och kaum bemierkbar maachen. Wann eent ëmmer rëm u BVe leit, kann et hëllefen seng Sexualpartnerinnen, onofhängeg vu wéi enge Genitalien si hunn, matzebehandelen. Méi Infos zum Thema fann dir an dëser Rubrik.
D’1970er a 1980er waren eng spannend Zäit fir déi feministesch Beweegung. Besonnesch bei den Theme Sex a Sexualitéit sinn eis Virfar.inne sech net eens ginn, genau wéi et haut och keng Eenheetlech Positioun gëtt. An dëser Rubrik erkläert d’Ella wat d’Sex Wars waren, a wisou se lo nach genausou relevant si wéi viru 50 Joer.
Quellen: “Why We Lost the Sex Wars: Sexual Freedom in the #MeToo Era” vum Lorna Bracewell
Aktualitéit: Schwangerschaftsofbroch zu Lëtzebuerg
/
Share
Link
Embed
No enger rezenter Victoire am Kampf fir d’kierperlech Selbstbestëmmung vu gebärfähege Persounen, musse mir elo genau esou weider maachen. 2024 huet d’Partei déi Lénk eng Gesetzespropose gestart fir d’ Recht op Schwangerschaftsofbroch a Verhütung an eis Verfaassung eranzeschreiwen. Wärend an der Chamber iwwer des Initiativ negociéiert gëtt, bleift et wichteg eis Ënnerstëtzung ze weisen an Drock ze maachen. Em wat genau et geet, a wéi Dir hëllefe kënnt, dat erkläert d’Ella an der Rubrik vun dëser Woch.
D’Petitioun vun déi Lénk kënnt dir hei ënnerschreiwen
Am Juli 2024 ass zu Lëtzebuerg eng Petitioun ronderëm gaang déi all queer an LGBTQIA+ Themen aus der Educatioun vu Mannerjäregen ausschléisse wollt. Se gouf vu ronn 10 dausend Lëtzebuerger.innen ënnerschriwwen a stellt dofir eng seriö Attack op d’Rechter vun der LGBTQIA+ community duer. Wat et genau mat der berüchtegter Petitioun no.3198, a mat hirer Géigepetitioun no.3281 op sech huet, erkläert d’Ella an dëser Rubrik.
Note: Leider ass eis ee Feeler an der Rubrik ënnerlaf. Et huet een hallwen Dag an net just 6 Stonne gedauert, bis d’Petitioun no.3281 déi néideg 4.500 Ënnerschrëften zesummen hat.