#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier
/
Share
Link
Embed
Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d’Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. An der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Sober Sex ass.
Figging ass eng Praxis, bei där een eng Ingwerwuerzel schielt, an dann a Kontakt mat de Schläimhait vum Anus oder der Vulva kennt. Et kann een de Ginger souwuel benotze vir baussen, wéi och bannen ze stimuléieren.
Jiddfereen*t kennt se, déi berühmt-berüchtegt Pull Out Method. Mee wéi funktionnéiert dës Verhütungsmethod amfong, a wéi (on)sëcher ass se fir Schwangerschaft ze vermeiden? An dëser Rubrik geet Robin op dës Froen an.
Sexmythos: Mécht méi Testosteron wierklech méi aggressiv?
/
Share
Link
Embed
Wann déi meescht Leit un Testosteron denke, verbannen se dëst mat Aggressivitéit. Deieren, déi een héijen Testosteronspigel hunn, si méi aggressiv. Mënschen, besonnesch Männer, déi vill Testosteron hunn, si méi aggressiv, hu méi Muskele, a kämpfe méi. Si si méi sportlech, méi verschweesst, a léisen ee Konflikt éischter mat physescher Gewalt.