Ass et eng gutt Idee, vun enger Bezéiung op eng Frëndschaft iwwerzegoen? Wat ass, wann déi eng Persoun dat wëll an déi aner net? A wéieng Schwieregkeete kënnen dobäikommen, wann d’Ex-Persoun eng nei Bezéiung huet? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.
Wat ass queere Sex? Hu queer Persounen ëmmer queere Sex an hetero Leit nie? Deene Froen sinn d’Tessie an d’Kelly nogaangen. An der Rubrik geet et ëm psychesche Mëssbrauch a romantesche Bezéiungen.
D’Lucie an d’Kelly schwätzen doriwwer firwat si Dating Apps benotzen, wéi hier éischt Noriichten am Tinder-Chat ausgesinn, wéini en gudde Moment fir en Date ass an wéi hier rezentest a komeschst Tinder-Geschichten ausgaange sinn.
Niewt Raséieren an Hoerwechmaachcrèmen, ginn et Methoden, déi d’Hoer méi laangfristeg ewechmaachen. Déi sinn awer deier an dinn dacks wéih. D’Anne an d’Tessie tauschen hier Erfahrungen aus. Duerno kommen e puer Tipps vum Kelly zu Handjobs.