#77 Krampf, Kampf, Kloertext – Weiblechkeet(en)

#77 Krampf, Kampf, Kloertext – Weiblechkeet(en)
Méi wéi Sex

 
 
00:00 / 1:05:28
 
1X
 

Wat heescht „Weiblechkeet“? An wien bestëmmt dat? D’Anne an d’Kelly schwätzen iwwer (eegen) Virbiller, widderspréchlech Weiblechkeetsufuerderungen, sexuell Unzéiung an iwwer Homarden. Jo, richteg, déi kleng rout Déieren mat der haarder Schuel. Wat et domat op sech huet, lauschtert der hei. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert déi sougenannten „relationship anarchy“.

Hei an hei fannt dir d’Gender Unicorns an d’Gender Schwéngecher vun deenen d’Kelly an der Folleg schwätzt.

#76 Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen

#76 Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen
Méi wéi Sex — Staffel 3

 
 
00:00 / 1:06:52
 
1X
 

Onofhängeg dovun, ob elo e Familljemember, en Hausdéier oder en:g Koleeg:in stierft: De Verloscht kann sou wéi doen, dass engem d’Wierder feelen an een:t net weess, wéi een:t dat packe soll. Dat Gefill ass fierchterlech, mä normal. An der Folleg Nr.76 schwätzen den Elie an d’Anne iwwer verschidde Formen a Phase vun der Trauer, ginn op Traditiounen an a plädéieren dofir, dass jiddereen:t säin eegene Wee dierf goen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer eng ganz bestëmmte Form vu sexualiséierter Gewalt, nämlech: Stealthing.

#75 Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex

#75 Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex
Méi wéi Sex — Staffel 3

 
 
00:00 / 47:16
 
1X
 

Ass laange Sex besser wéi kuerzen? D’Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert d’Verhältnis vu Qualitéit an Dauer, iwwert laang Sex-Nomëtteger an opreegend Quickien an d’Fro, wéi een*t d’Längt vum Sex iwwerhaapt ka moossen. E puer Tipps, wéi een Sex an d’Längt zéie kann, gi mir och. An der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wisou verschidde Leit gären ugepisst ginn.

#72 Know Your Status – Mir testen eis op HIV

#72 Know Your Status – Mir testen eis op HIV
Méi wéi Sex — Staffel 3

 
 
00:00 / 39:55
 
1X
 

Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer „Skin hunger“.

#71 De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)

#71 De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)
Méi wéi Sex — Staffel 3

 
 
00:00 / 37:36
 
1X
 

„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de Joël mat sengem Gaascht, dem Amsel. An der Rubrik geet et ëm d’Pëll dono. (Dës Folleg ass op Däitsch.)