#83 Méi wéi Solosex?!

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#83 Méi wéi Solosex?!
Loading
/

Firwat, mat wat a wéi kann ee Sex mat sech selwer hunn (also Solosex, Selbstbefriddegung, Masturbatioun)? Wat huet Solosex mat Stress ze dinn? An déi wichtegst (oder villäicht och nëmmen déi witzegst) Fro: Wat ass ee “Pandemiewichser”? Dëst a villes Weideres gëss du an dësem Gespréich vum Joel a Kelly gewuer. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Testosterone. 

#82 Wéi aus dem Kierperbillerbuch – Sport & LGBTQI+

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#82 Wéi aus dem Kierperbillerbuch – Sport & LGBTQI+
Loading
/

Passt e Reebou an eng Sportshal? Wéi kann ee Schoulsport méi inklusiv gestalten a wat geschitt, wa Léierpersonal d’Schüler:innen no hirer Meenung freet? Dës Froen huet d’Anne mat de wibbelegen an engagéierte Proffe Sybille a Mandy (iron sparks crossfit) diskutéiert.

#81 Kleng a grouss gemeinsam Nenner – interkulturell Bezéiungen

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#81 Kleng a grouss gemeinsam Nenner – interkulturell Bezéiungen
Loading
/

Aner Gewunnechten, friem Astellunge – an trotzdeem eng Bezéiung? Mir schwätzen dës Kéier iwwer interkulturell Bezéiungen. No engem klengem Exkurs iwwert de Kultur-Begrëff schwätzen d‘Anne an de Joël iwwert verschidde Kulturen am Bezuch op Iessen, Schaffen, Léieren an Diskutéieren. Ausserdeem beäntwerten si déi brennend Fro, wéi wichteg et ass, de selwechten Humor wéi seng Sexpartner*innen ze hunn.

#80 Outtaspace Loverboy – Den Edsun am Gespréich

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#80 Outtaspace Loverboy – Den Edsun am Gespréich
Loading
/

Hien ass net nëmmen en danzende Sänger a e sangenden Dänzer. Den Edsun ass e kreative Mënsch, deen seng Gedanken op eng spannend Aart a Weis a senger ganz eegener Konscht ëmsetzt a sengem Public doduerch vill Kraaft weidervermëttelt. Mir hu mat him iwwer Kultur am Zesummenhang mat sexuellen Identitéiten, Empowerment a Kritikfäegkeet geschwat. An der Rubrik geet den Elie op sexuell Fantasien an.

#79 Keepin’ it Casual – Casual Sex

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#79 Keepin' it Casual - Casual Sex
Loading
/

Wat ass Casual Sex? Ass et nach “casual” wann (mindestens) een sech verléift? Mat wiem huet een casual sex – an wéi léiert een sech kennen? Wéi fillt sech de Sex un? An wéi kann een gutt op sech oppassen? Dat beschwätzen Kelly an de Joël.