Wann een*t wäit fort vun där Persoun wunnt, déi een*t gären huet, kann dat zimmlech ustrengend sinn. D‘Anne an de Joël schwätzen iwwert Fernbezéiungen um aneren Enn vum Planéit an zu Lëtzebuerg, iwwert Sex op Distanz, Kommunikatioun an temporär gemeinsam Welten. Wat dat ganzt mam Klimawandel ze dinn huet, gitt dir och gewuer.
An der Rubrik dës kéier: Eng gutt Fro – Wat ass de Sex Drive? Männer wëllen ëmmer a Fraen hunn ni Loscht? Wat dreift eis, a wat bremst eis? Wat dréit alles zu eisem sexuelle Verlaange bäi, a wat beaflosst et?
Festivals kënne mat Musek lauschteren, vill Kultur an Danze bis een emfällt ze dinn hunn. Mee net seele gehéiert dozou och Knuutschen, Schmusen a vläicht souguer Sex. Deen een oder dat anert ass dobäi net méi ganz niichter. Fir dass dat net schif geet, ass et immens wichteg, informéiert ze sinn. An der neier Folleg preparéieren d´Anne an de Carlos vu Pipapo sech am Kapp op e Festival fir d´nächst Joer. Dat wat si soen, gëllt awer genee sou, wann een doheem mat enger oder méi Persoune wëll intim ginn a Substanzen am Spill sinn. Am Podcast schwätzen si iwwer allgemeng Reegelen. Um Site Pipapo.lu fannt dir awer och Informatiounen zu all eenzeler Drog, hirer Wierkung an de Risiken, déi si mat sech brénge kann. An dëser Episod gëtt d´Thema Chemsex (Sex op syntheteschen Drogen) net traitéiert. Mir recommandéieren awer d´Folleg zum Thema vum däitschsproochege Podcast Stadt-Land-Schwul. D´Podcaster schwätzen do souwuel mat engem Dokter souwéi och mat enger Mataarbechterin vum Drugcheck Zürich. An der Rubrik huet d’Kelly op Froen vun Noolauschter_innen geänfert – zu den Themen: – mat Jugendlecher iwwer Sex Schwätzen, – Pornokonsum – an sexuell Orientéierungen. Wann dir och Froen hutt wat mir an enger Rubrik kenne beäntwerten, schreift eis är Iddien eran.
Et gi vill Forme vu Männlechkeet. Verschiddener si geféierlech, a beim Ausliewe kann een sech an anere wéidoen. Den Elie an de Joël schwätzen dës Kéier doriwwer, wat et heescht, e Mann ze sinn, a wéi een sech géint toxesch Männlechkeet ka stellen. Nieft Autoen, Béier an enger Kotlett um Grill kommen awer och soft boys, kritesch Männlechkeet a gutt Virbiller zur Sprooch. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een sou matenee schwätzt, dass een och gehéiert a verstane gëtt. Wat gelift? Lauschtert eran.
Hei fannt dir d’Links déi an der Episod ugeschwat goufen:
#058 Sexability – Sex mat Behënnerung, mä ouni Barrièren
/
Share
Link
Embed
Wann et em Sex a Behënnerung geet, dann huet een et dacks mat Barrière am Kapp an net mat physesche Barrière ze dinn. Déi muss een erkenne fir se ofbauen a Zäertlechkeet genéissen ze kënnen. Dat ass d’Thema vun der neier Folleg an där d’Anne vum Podcast an en anert Anne eescht Gespréicher féieren, mee och vill laachen. An der Rubrik schwätzt d’Kelly iwwer Gefiller, a firwat et sech lount se all ze fillen.