D’Lucie an d’Kelly schwätzen doriwwer firwat si Dating Apps benotzen, wéi hier éischt Noriichten am Tinder-Chat ausgesinn, wéini en gudde Moment fir en Date ass an wéi hier rezentest a komeschst Tinder-Geschichten ausgaange sinn.
Niewt Raséieren an Hoerwechmaachcrèmen, ginn et Methoden, déi d’Hoer méi laangfristeg ewechmaachen. Déi sinn awer deier an dinn dacks wéih. D’Anne an d’Tessie tauschen hier Erfahrungen aus. Duerno kommen e puer Tipps vum Kelly zu Handjobs.
Mat wiem an wéi schwätze mir iwwer Sex (oder och net)? A firwat? Mat wiem hu mer ugefaangen iwwer Sex ze schwätzen? Wéi ass et mat Famill, Frënn oder Persoune, mat deene mer Sex hunn? Doriwwer schwätzen den Momo an d’Kelly.