
D’Kelly huet sech mat eisem Gaascht dem Momo iwwer Erreegung an erogen Zonen ënnerhalen. An der Rubrik raumt d’Tessie mat zwee Viruerteeler ronderëm d’Kavanaugh-Affär op.
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper
D’Kelly huet sech mat eisem Gaascht dem Momo iwwer Erreegung an erogen Zonen ënnerhalen. An der Rubrik raumt d’Tessie mat zwee Viruerteeler ronderëm d’Kavanaugh-Affär op.
Mir wëssen all wat Sex ass, oder? An der zweeter Folleg schwätzen d’Anne an d’Tessie driwwer. Duerno an der Rubrik “Ass dat normal?” geet et ënnert anerem em Fetisch a BDSM.
D’Anne an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen mam Thema Menstruatioun. Duerno eis Rubrik “Sexmythen” mam Kelly (ab 17:47).
Leider ginn ëmmer erëm Koppelen an Therapie, wann et schonn ze spéit ass. Wat ee méi laang waart, wat de Gruef méi grouss gëtt, a wat et méi schwéier ass iwwer Verletzunge wech ze kommen a Saachen ze reparéieren.
Vill besser ass et méi fréi professionell Hëllef opzesichen.
Ee Butt-Plug ass ee sex toy, eng sexuell Spillsaach, déi een anal aféiert, an déi zum sexuelle Pleséier bäidroe soll.
Et ginn der a verschiddene Forme, Materialie, an d’Haaptfunktioun ass, dass se vir eng Zäit am Anus bleiwe, dass een se dréit, ei een se da rëm raus hellt. Dëst ass am Verglach mat engem Dildo, oder engem Penis, déi ee ran a raus beweegt. Vir dass de Plug gutt setzt, an net ze wäit rop rutscht, huet dësen normalerweis eng base, also eng Plattform, déi méi breet ass, a mëscht, dass en sech net beweegt.