Dual Control System? Klengt technesch, mee ass et net! Bei Ereegung kennen Saachen, bei eis op de Gas oder op d’Bremse vun éiser Loscht trëppelen. 🚗
Zum Beispill: Du hues Loscht op Sex, mee kanns dech net gutt drop aloossen oder ofschalten? Du empfënns Pleséier, mee kanns mat enger aner Persoun nëmmen schwéier en Orgasmus hunn? Oder du brauchs laang fir ugetörnt ze sinn? Dat kéint mat denge Bremsen a Accelerateuren ze dinn hunn.
Kapitel 4 (bonus): Emgang mat schwieregen Gefiller
/
Share
Link
Embed
D’Emily Nagsoki schléit fir, dat ee schwiereg Gefiller innerhalb vu Bezéiunge ka wéi e schléifregen Igel (sleepy hedgehog) behandelen. 🦔
Dat geet esou: Wann’s du ee schléifregen Igel op deem Stull fënns, op deen s’du dech grad setze wolls, da sollste de: 1- dem Igel en Numm ginn (Gefiller benennen) 2- der e friddlech op de Schouss setzen (Gefiller unhuelen) 3- erausfannen, wat e brauch (Verantwortung fir Gefiller iwwerhuelen) 4- denger Bezéiungspersoun vun de Bedürfnisser zielen, dat der kennt zesummen dem Igel hëllefen (Gefiller a Bedürfnisser kommunizéieren)
Bindung (engl. Attachment) ass den emotionale Mechanismus, dee Mënschen unenee bendt, z.B. Kanner an Elteren, Frënn oder romantesch Bezéiungspersounen. An dëser Rubrik froe mer eis: Wei funktionéiert Bindung? Wat heescht et, un eng Persoun “gebonnen” ze sinn? Weieng Aarte vu Bindung gëtt et? Mee och: Wat ass bindungs-motivéierte Sex? And how does Sex advance the plot?
Quelle: “Come As You Are” vum Emily Nagoksi (Kapitel 4)