D’Jongfraenhäitchen wat wéi eng Barrière d’Vagina verschléisst bis et vun engem Penis duerchbrach gëtt, existéiert esou net. De Kierperdeel den di meescht ënnert dem Numm kennen, ass d’Hymen. An dëser Rubrik erkläert d’Ella vu wou eis veraalte Verständnisser iwwert d’Hyme kommen, a wisou et och näischt mat Jongfralechkeet ze dinn huet.
Hei fann dir déi erwäänte Grafike vu Vulva, Vagina, an Hymen: Broschüre “Das Hymen” vum ÖGF (Österreichische Gesellschaft für Familienplanung) Broschüre “Die Wahrheit über das Jungfernhäutchen” vun profamilia Sachsen
Genitalien ginn fiicht, an zwar bei sexueller Erreegung – mee Moment: ass een ëmmer fiicht wann een erreegt ass, an ëmmer erreegt wann een fiicht ass? An, wéi eng Genitalien ginn iwwerhaapt fiicht?