Et ass wichteg Pleséier an de Fokus vu sexuellen an intime Bezéiungen ze setzen (also alles wat sech gutt ufillt). Elo ass d’Fro: wéi maache mir an eisem Liewe Platz fir Pleséier — wa mer esou vill aner Saachen ze dinn hunn, déi wichteg sinn?!
Hei benotzt d’Emily Nagoski a sengem Buch “Come Together” eng Metapher: the emotional floorplan. Eisen emotionale Grondrëss besteet aus 9 verschiddenen Raim, dovun sinn der 4 pleasure-favorable (PLAY, SEEKING, CARE, LUST), 3 pleasure-adverse (PANIC&GRIEF, FEAR, RAGE) an 2 neutral (OFFICE & OBSERVATIONAL DISTANCE).
Dëse Plang ze kënne kann hëllefen ze verstoen, wéi mer an dee Raum kommen, wou mer sexuelle Pleséier erliewen. Du wëlls wëssen, wat deng 9 emotional Raim sinn a wou de Pleséier wunnt? Dann lauschter eran an d’Rubrik vun dëser Woch!
Weiderféierend:
– Beispill fir en Emotional Floorplan: https://www.emilynagoski.com/erika-moens-emotional-floor-plan-comic
– Rubrik zum Ënnerscheed tëscht Erreegung, Loscht an Unzéiung: https://sexpodcast.ara.lu/podcast/erreegung-loscht-unzeiung/

