Bass du eng straight Fra déi komplett frustréiert mat der Dating-Kultur vun haut ass? Da bass du net eleng. Ëmmer méi Frae verléieren d’Hoffnung an d’Gedold fir heterosexuell Bezéiungen opzebauen well dat schonn sou oft zu sou vill Péng, Enttäuschung oder souguer Gewalt gefouert huet. Déi Gefiller sinn esou verbreet, dass et souguer e Fachbegrëff fir se gëtt: Heterofatalismus. Wat genau et domat op sech huet, erkläert d’Ella an dëser Rubrik.
Endometrios ass eng zimmlech heefeg Krankheet. Ongeféier 190 Millioune Mënschen si vun hier betraff. An trotzdeem gouf se nach bei wäitem net genuch erfuerscht. Et gëtt fir Endometriose keng Präventiounsmoossnamen, keng Heelung a keng kloer Ursaach. D’Symptomer si villfälteg a jiddereen*t erlieft d’Krankheet anescht. Wourun dat läit a wéi den Gender Health Gap hei mat raspillt, dat erkläert d’Ella an dëser Rubrik.
Eng gutt Fro: Wat hu Läffele mat enger Behënnerung, Neurodivergenz, Sexualitéit a Bezéiungen ze dinn?
/
Share
Link
Embed
Haut geet et em Läffelen. Nee, et geet net em spooning, also ee läffelen, oder vun hanne kuschele.
Et geet och net em den Ënnerscheed tëscht engem Zoppen an engem Téiläffel.
Vill méi geet et em d’Spoon theory, déi vum Christine Miserandino entwéckelt gouf. Hei gi Läffelen als Metapher geholl vir ze moosse wéi vill Energie eng Persoun huet, a wéi eng Aktivitéit wéi vill Energie kascht.
Eng gutt Fro: Wat ass eng Bakteriell Vaginose a wéi kann een*t géint se virgoen?
/
Share
Link
Embed
Bakterielle Vaginose (BV) an änlech Infektioune wéi Vaginalpilz gi vun engem Ongläichgewiicht an der Vaginalflora ausgeléist. Se kënne ganz ongemittlech sinn, sech awer och kaum bemierkbar maachen. Wann eent ëmmer rëm u BVe leit, kann et hëllefen seng Sexualpartnerinnen, onofhängeg vu wéi enge Genitalien si hunn, matzebehandelen. Méi Infos zum Thema fann dir an dëser Rubrik.
De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ+ ass en Dokument an dem d’Regierung hier Strategie presentéiert fir sech fir d’Gläichberechtegung vu queere Mënschen op nationalem an internationalem Niveau anzesetzen. E gouf 2025 vum Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité (MEGA) verëffentlecht a setzt vill Gewiicht op Sensibiliséierung a Formatioun. A ville Beräicher geet et allerdéngs net wäit genuch. Besonnesch wann et em juristesche Fortschrëtt a konkret Verbesserunge vum alldeegleche Liewe vu queere Persoune geet. Méi genau Erklärungen dozou kritt dir an dëser Rubrik vum Ella.