#150: Vu Pornoen, Freud a Fanfictions – wouhier kommen eis sexuell Fantasien?
/
Share
Link
Embed
Ob an eisen Dreem, beim Masturbéieren oder einfach matzen am Dag – déi meescht vun eis hu sexuell Fantasien. Si kënne ganz harmlos sinn, si kënnen intrusiv sinn oder och esou komesch, datt mir se net wéilten ëmsetzen. An dëser Episod maachen sech d*e Robin, den Elie an de Joël op eng Rees an d’Onbewosstsinn a probéieren erauszefannen, wouhier eis Fantasien eigentlech kommen. Si schwätzen iwwert komesch Theorien, wéi gesellschaftlech Normen an eis ganz privat Fantasien andréngen an doriwwer, wéi si mat hire Fantasien ëmginn. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Chemsex – net just fir all fir all déi, déi (nach keng) Fantasien doriwwer hunn.
#149: No enger Trennung eenz ginn – How to get over it
/
Share
Link
Embed
Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen – an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn.
An der Rubrik gëtt Kelly en How To fir mat schwierege Gefiller eenz ze ginn.
#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier
/
Share
Link
Embed
Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d’Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. An der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Sober Sex ass.
Sexmythos: Mécht méi Testosteron wierklech méi aggressiv?
/
Share
Link
Embed
Wann déi meescht Leit un Testosteron denke, verbannen se dëst mat Aggressivitéit. Deieren, déi een héijen Testosteronspigel hunn, si méi aggressiv. Mënschen, besonnesch Männer, déi vill Testosteron hunn, si méi aggressiv, hu méi Muskele, a kämpfe méi. Si si méi sportlech, méi verschweesst, a léisen ee Konflikt éischter mat physescher Gewalt.
Cis-Hetero-Normativitéit ass en immens wichtegt Konzept an den Gender Studies an an der queerer Theorie. Et hëlleft eis, eis Gesellschaft an d’Erfarunge vu queere Mënschen an engem System de net fir Si gebaut ass, ze analyséieren an ze verstoen. An dëser Rubrik erkläert d’Ella wou dëst Konzept hier kënnt, wat genau et beschreift, a wéi sech seng Auswierkungen am Alldag bemierkbar maachen.