Weieng Gefiller mer iwwer eis Sexualitéit hunn ass méi wichteg, wei wei eis Sexualitéit ass. Dat nennt ee Meta-Gefiller, also: “wei mer eis dozou fille, wei mer eis fillen”.
Lauschter era fir d’Geschicht vum Gertie ze héieren, wat sexuell Skripter mat eisen Meta-Emotiounen ze dinn hunn an fir ze verstoen, wei mir eis Meta-Emotioune kenne positiv veränneren.
Wann een eng traumatesch Erfarung huet, déi mat Sexualitéit verbonnen ass, da kann et sinn, dat een dono a sexy Situatioune rëm “getriggert” gëtt. Och a sexuelle Situatiounen, déi amfong secher sinn a wou keng Gefor besteet. Souguer wann een des Traumaen opgeschafft huet, kann et sinn, dat ëmmer nach “Reschter” dovun iwwreg bleiwen. Fir domadder ëmzegoe schléit d’Emily Nagoski 3 verschidde Weeër fir: top-down, bottom-up oder sideways. Wat genau dat heescht, héiers du an dëser Rubrik.
CONTENT NOTE Ech schwätzen an dëser Rubrik iwwer sexualiséiert Gewalt: wann s du dovu betraff wors, dann ass et gutt, des Rubrik net aleng ze lauschteren an dono mat engem driwwer ze schwätzen. Wann’s du grad dabai bass däin Trauma opzeschaffen, dann ass et vläit besser, des Rubrik zu engem spéidere Moment ze lauschteren. Dës Rubrik ass virun allem hëllefräich fir Persounen, déi hiren Trauma schonn opgeschafft hunn.
Bicher iwwer Trauma – Trauma und die Folgen (Michaela Huber) – Healing Trauma (Peter A. Levine) – Healing Sex: A Mind-Body Approach to Healing Sexual Trauma (Staci Haines) – The Sexual Healing Journey: A Guide for Survivors of Sexual Abuse (Wendy Maltz)
Bicher iwwer Mindfulness – The Mindful Way through Depression (Mark Williams, John Teasdale, Zindel Segal, and Jon Kabat-Zinn)
Minfulness, also Uechtsamkeet, ass hëllefräich fir mat selbstkritesche Gedanken a Gefiller ëmzegoen, déi eist sexuell Wuelbefanne beaflossen. An och fir mat de Reschter vun (sexuellem) Trauma ëmzegoen ass Mindfulness eng gutt Iddi.
Dofir héiert dir an dëser Rubrik eng Mindfulness Übung. D’Übung dauert nëmmen 2 Minutten – lauschter eran!
Originalversioun op Englesch: 1. Start with two minutes. For two minutes a day, direct your attention to your breath: the way the air comes into your body and your chest and belly expand, and the way the breath leaves your body and your chest and belly deflate. 2. The first thing that will happen is your mind will wander to something else. That’s normal. That’s healthy. That’s actually the point. Notice that your mind wandered, let those extraneous thoughts go—you can return to them as soon as the two minutes are up—and allow your attention to return to your breath. 3. Noticing that your mind wandered and then returning your attention to your breath is the real work of mindfulness. It’s not so much about paying attention to your breath as it is about noticing what you’re paying attention to without judgment, and making a choice about whether you want to pay attention to it. What you’re “mindful” of is both your breath and your attention to your breath. By practicing this skill of noticing what you’re paying attention to, you are teaching yourself to be in control of your brain, so that your brain is not in control of you. -Emily Nagoski, “Come as you Are”
Dat heiten ass en Ofschloss an en Ausbléck! Hei fënns du en Iwwerbléck zum “Come as You Are” Audio-Guide (sou eppes ewéi e Reader’s Digest vum Buch fir ze lauschteren). An déi gutt Noricht ass: et ass net eriwwer. Well d’Emily huet en Nofollgerbuch geschriwwen, dat heescht “Come Together”. Empfehlung!
Iwwerbléck “Come As You Are”: Rubriken, Übungen & Ressourcen
PART ONE: THE (NOT-SO-BASIC) BASICS
Kapitel 1: Wat ass Homologie? Zu Kapitel 1 fënns du folgend Grafiken am Buch: – Grafik zur Homologie bei der Entwecklung vun de Genitalien am Uterus (S.19) – Grafiken zu Klitoris, Penis an Vulva (S. 22, 27)
Kapitel 4: Complete your Stress Cycle Ways to « complete the stress cycle » – Beweegung! Beispiller: Sport, danzen, Vëlo fueren, Muskelen 20 Sekonnen uspanen an dann ausrëselen. – Ootmen. Virun allem Bauchootmung a mei laang ausootmen wei anootmen. Übung: 5 anootmen, 5 halen, 10 ausootmen, 5 anhalen, etc.). – Laachen. – Kréichen → oppassen de richtege Moment ze fannen fir rëm opzehalen. – Kreativ sinn. Beispiller: molen, zeechnen, bastelen, schreiwen, Musik maachen oder lauschteren, sangen. – Sech em de Kierper këmmeren. Beispill: bueden, duschen, Neel fierwen, acrèmen. – Meditéieren → Gefiller fillen, mat hinne sinn an se goen ze loossen. – Zouneigung (emotional an kierperlech): 20 Sekonnen ëmaarmen, 6 Sekonnen kussen.
Kapitel 5: Selbstkritik an de kulturelle Kontext An Kapitel 5 gett et verschidden Übungen am Buch (S. 177-183). Eng Übung nennt sech EXERCICE TO INCREASE SELF-COMPASSION, déi hunn ech der iwwersaat: Dest as eng Übung fir Selbstmatgefill. 1. Beschreif eng Situatioun, wéinst der s’du der Firwërf mëss oder dech kritiséiers. Dat kann alles sinn – eng Situatioun op der Arabescht, Aspekter vun denger romantescher oder sexueller Bezéiung, däin Kierper oder eppes ganz Anescht. Schréiw onbedéngt dei selbst-kritesch Gedanken op, mat deenen’s du dech ronderëmschléis. 2. Schreif den Numm vun engem gudde Kolleeg oder enger gudder Frëndin uewen ob d’Säit. Stell der fir du géing dëser Persoun vun der Situatioun an dengem Problem zielen. Du frees déi Persoun em Hëllef a schreif alles op, wat si zu dir soe geiff. Stellen der vir, dat se an hirer beschter, empatheschster, rouegster an ënnerstëtzenster Stëmmung ass – an der all déi Saache seet, déi s’du heiren muss. 3. Lies nach eng Kéier, wat’s du geschriwwen hues. Et ass fir dech.
Quellen: > “Come As You Are” vum Emily Nagoski. Opgepasst: Meng Versioun vum Buch ass d’Editioun vum Verlag “Simon & Schusters Paperback” aus dem Joer 2015. Wann’s du eng aner Versioun vum Buch hues, dann ënnerscheeden sech warscheinlech d’Säitenzuelen! > All d’Worksheets fënns du ënnert dësem Link: https://www.emilynagoski.com/come-as-you-are-worksheets