Sober Sex, also niichtere Sex, ass Sex, deen een huet, ouni ënner Afloss vun Alkohol oder Drogen ze sinn.
Absichtleche sober Sex ass eng Aart a Weis bewosst niichter a mat sech an deenen aneren verbonnen ze sinn, an sech esou fräi vir de Sex opzemaachen an alles esou intensiv wéi méiglech ze spieren.
Bindung (engl. Attachment) ass den emotionale Mechanismus, dee Mënschen unenee bendt, z.B. Kanner an Elteren, Frënn oder romantesch Bezéiungspersounen. An dëser Rubrik froe mer eis: Wei funktionéiert Bindung? Wat heescht et, un eng Persoun “gebonnen” ze sinn? Weieng Aarte vu Bindung gëtt et? Mee och: Wat ass bindungs-motivéierte Sex? And how does Sex advance the plot?
Quelle: “Come As You Are” vum Emily Nagoksi (Kapitel 4)
Kapitel 4 (bonus): Emgang mat schwieregen Gefiller
/
Share
Link
Embed
D’Emily Nagsoki schléit fir, dat ee schwiereg Gefiller innerhalb vu Bezéiunge ka wéi e schléifregen Igel (sleepy hedgehog) behandelen. 🦔
Dat geet esou: Wann’s du ee schléifregen Igel op deem Stull fënns, op deen s’du dech grad setze wolls, da sollste de: 1- dem Igel en Numm ginn (Gefiller benennen) 2- der e friddlech op de Schouss setzen (Gefiller unhuelen) 3- erausfannen, wat e brauch (Verantwortung fir Gefiller iwwerhuelen) 4- denger Bezéiungspersoun vun de Bedürfnisser zielen, dat der kennt zesummen dem Igel hëllefen (Gefiller a Bedürfnisser kommunizéieren)