Eng gutt Fro: Wat hu Psychedelika mat Hormoner ze dinn, a wéi een Impakt hunn se op den Zyklus?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Eng gutt Fro: Wat hu Psychedelika mat Hormoner ze dinn, a wéi een Impakt hunn se op den Zyklus?
Loading
/

Psychedelesch Erfarunge sinn vu Mënsch zu Mënsch ganz ënnerschiddlech. Mee och vun enger Kéier op déi aner kann ee ganz verschidde Saachen erliewen a fillen, an et ass net méiglech dëst am Viraus ze wëssen. 

Mee wéi eng Roll spillt eisen Hormonspigel dobäi?

Den hormonellen Zyklus bei Persoune mat Eeërstäck huet een Impakt op d’Laun, d’Gehier an d’Wahrnehmung. Am Groussdeel vun der Recherche zu Psychedelika gëtt dësen awer guer net betruecht. 

Östrogen a Progesteron hunn een direkten Impakt op d’Serotonin Rezeptore am Gehier. Östrogen, zum Beispill, mëscht dass déi verschidde Rezeptore méi verbonne sinn, a méi dicht sinn, also dass méi Rezeptore am Gehier aktiv sinn. 

Klassesch Psychedelika aktivéieren d’Serotonin Rezeptore am Gehier. Dat heescht, dass se vill méi staark zu Momenter am Zyklus wierke wou méi Östrogen am Emlaaf ass. Well méi Östrogen, heescht méi Serotonin Rezektore, déi besser vernetzt sinn.

Eng gutt Fro: Wat ass d’Window of Tolerance?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Eng gutt Fro: Wat ass d'Window of Tolerance?
Loading
/

D’Window of Tolerance ass e Konzept, wat mäer als Méi Wéi Sex Team an eisen Episoden ëmmer mol rëm opbrengen. Mee wat ass déi Toleranzfënster amfong? Robin erklärt d’Konzept an dëser Rubrik.

Eng gutt Fro: Wat ass AuDhd, a wéi wierkt et sech op Bezéiungen aus?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Eng gutt Fro: Wat ass AuDhd, a wéi wierkt et sech op Bezéiungen aus?
Loading
/

50-70% vun de Persounen déi ADHS hunn, hunn och Autismus, an ëmgedréint.

Shownotes: https://www.instagram.com/p/DMqBcSrIlHZ/?igsh=MXA4OWZnd2F3cXhrbQ==&img_index=7

How to: Wéi geet Koppelsthérapie?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
How to: Wéi geet Koppelsthérapie?
Loading
/

Leider ginn ëmmer erëm Koppelen an Therapie, wann et schonn ze spéit ass. Wat ee méi laang waart, wat de Gruef méi grouss gëtt, a wat et méi schwéier ass iwwer Verletzunge wech ze kommen a Saachen ze reparéieren. 

Vill besser ass et méi fréi professionell Hëllef opzesichen. 

Aktualitéit: Wéi huet Lëtzebuerg op der ILGA Rainbow Map ofgeschnidden?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Aktualitéit: Wéi huet Lëtzebuerg op der ILGA Rainbow Map ofgeschnidden?
Loading
/

Wann dir an der Lescht e bëssi op LGBTIQ+ Neiegkeete geuecht hutt, dann hutt dir warscheinlech vill Bretzen iwwer Lëtzebuerg seng Ranguerdnung op der ILGA Rainbow Map gesinn. D’Rainbow Map ass e Ranking vun 49 europäesche Länner. Heibäi gëtt gekuckt, wéi gutt d’Gesetzer an d’Politik an an deene verschiddene Natiounen, d’Mënscherechter vu queere Leit beschützen a fërderen. Lëtzebuerg krut dëst Joer déi 10 Plaz. Mee ass dat Grond fir ze feieren? Dës a méi Froe beäntwert Ella an dëser Rubrik.

D’Rainbow Map fann dir hei
D’Annual Review fann dir hei

Quellen:
Intergeschlechtliche Kinder: Rechtfertigung statt Fortschritt -Melanie Czarnik, woxx
Rainbow Index 2026: Luxemburg bleibt auf Platz 10 – Rosa Lëtzebuerg