Outro: Zesumme kommen

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Outro: Zesumme kommen
Loading
/

Dat heiten ass en Ofschloss an en Ausbléck! Hei fënns du en Iwwerbléck zum “Come as You Are” Audio-Guide (sou eppes ewéi e Reader’s Digest vum Buch fir ze lauschteren). An déi gutt Noricht ass: et ass net eriwwer. Well d’Emily huet en Nofollgerbuch geschriwwen, dat heescht “Come Together”. Empfehlung!

Iwwerbléck “Come As You Are”: Rubriken, Übungen & Ressourcen

PART ONE: THE (NOT-SO-BASIC) BASICS

Kapitel 1: Wat ass Homologie?
Zu Kapitel 1 fënns du folgend Grafiken am Buch:
– Grafik zur Homologie bei der Entwecklung vun de Genitalien am Uterus (S.19)
– Grafiken zu Klitoris, Penis an Vulva (S. 22, 27)

Kapitel 2: Dual Control System
Zu Kapitel 2 passen folgend Worksheets:
Sexual Temperament Questionnaire
Sexy Contexts and Not-So-Sexy-Contexts
Turning Off the Offs

Kapitel 3: Stress & Sex in Context
Zu Kapitel 3 passen folgend Worksheets:
Sexy Contexts and Not-So-Sexy-Contexts
Stress

PART TWO: SEX IN CONTEXT

Kapitel 4: Complete your Stress Cycle
Ways to « complete the stress cycle » 

– Beweegung! Beispiller: Sport, danzen, Vëlo fueren, Muskelen 20 Sekonnen uspanen an dann ausrëselen.
– Ootmen. Virun allem Bauchootmung  a mei laang ausootmen wei anootmen. Übung: 5 anootmen, 5 halen, 10 ausootmen, 5 anhalen, etc.).
– Laachen.
– Kréichen → oppassen  de richtege Moment ze fannen fir rëm opzehalen. – Kreativ sinn. Beispiller: molen, zeechnen, bastelen, schreiwen, Musik maachen oder lauschteren, sangen.
– Sech em de Kierper këmmeren. Beispill: bueden, duschen, Neel fierwen, acrèmen.
– Meditéieren →  Gefiller fillen, mat hinne sinn an se goen ze loossen.
– Zouneigung (emotional an kierperlech): 20 Sekonnen ëmaarmen, 6 Sekonnen kussen.

Kapitel 4: Bindungsmusteren & Sex
Zu Kapitel 4 passen folgend Übungen:
Emgang mat schwieregen Gefiller
Mindfulness Übung

Kapitel 5: Selbstkritik an de kulturelle Kontext
An Kapitel 5 gett et verschidden Übungen am Buch (S. 177-183). Eng Übung nennt sech EXERCICE TO INCREASE SELF-COMPASSION, déi hunn ech der iwwersaat:
Dest as eng Übung fir Selbstmatgefill.
1. Beschreif eng Situatioun, wéinst der s’du der Firwërf mëss oder dech kritiséiers. Dat kann alles sinn – eng Situatioun op der Arabescht, Aspekter vun denger romantescher oder sexueller Bezéiung, däin Kierper oder eppes ganz Anescht. Schréiw onbedéngt dei selbst-kritesch Gedanken op, mat deenen’s du dech ronderëmschléis.
2. Schreif den Numm vun engem gudde Kolleeg oder enger gudder Frëndin uewen ob d’Säit. Stell der fir du géing dëser Persoun vun der Situatioun an dengem Problem zielen. Du frees déi Persoun em Hëllef a schreif alles op, wat si zu dir soe geiff. Stellen der vir, dat se an hirer beschter, empatheschster, rouegster an ënnerstëtzenster Stëmmung ass – an der all déi Saache seet, déi s’du heiren muss.
3. Lies nach eng Kéier, wat’s du geschriwwen hues. Et ass fir dech.

PART THREE: SEX IN ACTION

Kapitel 6: Wat ass Arousal Non-Concordance?
Zu Kapitel 6 fënns du folgend Grafiken am Buch:
– Graphik zu “Men’s and Women’s Arousal Concordance” (S. 195)
Zu Kapitel 6 hunn ech eng bonus Rubrik opgeholl:
Ënnerscheed tëscht Erreegung, Loscht an Unzéiung?

Kapitel 7: Mythos Sexdrive
An Kapitel 7 gett et puer Übungen am Buch (S. 234-261) an een Worksheet:
Turning Off the Offs

PART FOUR: ECSTASY FOR EVERYBODY

Kapitel 8: Wat ass Spectatoring?
An der Rubrik héiers du eng Übung, wat een bei Spectatoring kann maachen.

Kapitel 8: How to Orgasmus
Hei passen zwou bonus Rubriken dabai:
Mythos vaginalen Orgasmus
Besser Orgasmen
Außerdem des Worksheets: 

Sexy Contexts and Not-So-Sexy-Contexts
Turning Off the Offs
Stress

Kapitel 9: Meta-Gefiller
Hei passen zwou bonus Rubriken dabai:
Sex & Trauma
Mindfulness Übung

Quellen:
> “Come As You Are” vum Emily Nagoski. Opgepasst: Meng Versioun vum Buch ass d’Editioun vum Verlag “Simon & Schusters Paperback” aus dem Joer 2015. Wann’s du eng aner Versioun vum Buch hues, dann ënnerscheeden sech warscheinlech d’Säitenzuelen!
> All d’Worksheets fënns du ënnert dësem Link: https://www.emilynagoski.com/come-as-you-are-worksheets

Sexmythos: Jongfralechkeet & Hymen

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Sexmythos: Jongfralechkeet & Hymen
Loading
/

D’Jongfraenhäitchen wat wéi eng Barrière d’Vagina verschléisst bis et vun engem Penis duerchbrach gëtt, existéiert esou net. De Kierperdeel den di meescht ënnert dem Numm kennen, ass d’Hymen. An dëser Rubrik erkläert d’Ella vu wou eis veraalte Verständnisser iwwert d’Hyme kommen, a wisou et och näischt mat Jongfralechkeet ze dinn huet.

Hei fann dir déi erwäänte Grafike vu Vulva, Vagina, an Hymen:
Broschüre “Das Hymen” vum ÖGF (Österreichische Gesellschaft für Familienplanung) Broschüre “Die Wahrheit über das Jungfernhäutchen” vun profamilia Sachsen

Weider Quell:
“Das Jungfernhäutchen gibt es nicht” vum Oliwia Hälterlein a vum Aisha Franz

How to : Wéi navigéire ech ee Play Space?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
How to : Wéi navigéire ech ee Play Space?
Loading
/

 An der leschter Rubrik hu mer driwwer geschwat, wéis de ee Kink Event fanne kanns, a wéis de dech virbereede kanns éiss de op sou een Event gees. 

An dëser Rubrik gi mer elo ee Schrëtt weider. Du waars vläit schonn op engem munch oder social, an hues lo entscheet op däin éischte Kink Event mat play space ze goe. Du hues och eventuell Loscht Dëse Spillraum ze betrieden, a mat ze spillen. Mee do sinn nach vill Froen op, an du weess nach guer net wourop de dech do aléis a wéis de dech am beschte verhale solls. Em all dat geet et an dëser Rubrik. 

https://www.klubverboten.com/rules