De Plan d’action national pour la promotion des droits des personnes LGBTIQ+ ass en Dokument an dem d’Regierung hier Strategie presentéiert fir sech fir d’Gläichberechtegung vu queere Mënschen op nationalem an internationalem Niveau anzesetzen. E gouf 2025 vum Ministère de l’Égalité des genres et de la Diversité (MEGA) verëffentlecht a setzt vill Gewiicht op Sensibiliséierung a Formatioun. A ville Beräicher geet et allerdéngs net wäit genuch. Besonnesch wann et em juristesche Fortschrëtt a konkret Verbesserunge vum alldeegleche Liewe vu queere Persoune geet. Méi genau Erklärungen dozou kritt dir an dëser Rubrik vum Ella.
Aktualitéit: Schwangerschaftsofbroch zu Lëtzebuerg
/
Share
Link
Embed
No enger rezenter Victoire am Kampf fir d’kierperlech Selbstbestëmmung vu gebärfähege Persounen, musse mir elo genau esou weider maachen. 2024 huet d’Partei déi Lénk eng Gesetzespropose gestart fir d’ Recht op Schwangerschaftsofbroch a Verhütung an eis Verfaassung eranzeschreiwen. Wärend an der Chamber iwwer des Initiativ negociéiert gëtt, bleift et wichteg eis Ënnerstëtzung ze weisen an Drock ze maachen. Em wat genau et geet, a wéi Dir hëllefe kënnt, dat erkläert d’Ella an der Rubrik vun dëser Woch.
D’Petitioun vun déi Lénk kënnt dir hei ënnerschreiwen
Mat “Méi wéi Sex – De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper” start den CESAS zesumme mam Radio ARA eng Serie iwwer Sexualitéit, Kierper a Bezéiungsformen.
D’1970er a 1980er waren eng spannend Zäit fir déi feministesch Beweegung. Besonnesch bei den Theme Sex a Sexualitéit sinn eis Virfar.inne sech net eens ginn, genau wéi et haut och keng Eenheetlech Positioun gëtt. An dëser Rubrik erkläert d’Ella wat d’Sex Wars waren, a wisou se lo nach genausou relevant si wéi viru 50 Joer.
Quellen: “Why We Lost the Sex Wars: Sexual Freedom in the #MeToo Era” – Lorna Bracewell
Am Juli 2024 ass zu Lëtzebuerg eng Petitioun ronderëm gaang déi all queer an LGBTQIA+ Themen aus der Educatioun vu Mannerjäregen ausschléisse wollt. Se gouf vu ronn 10 dausend Lëtzebuerger.innen ënnerschriwwen a stellt dofir eng seriö Attack op d’Rechter vun der LGBTQIA+ community duer. Wat et genau mat der berüchtegter Petitioun no.3198, a mat hirer Géigepetitioun no.3281 op sech huet, erkläert d’Ella an dëser Rubrik.
Note: Leider ass eis ee Feeler an der Rubrik ënnerlaf. Et huet een hallwen Dag an net just 6 Stonne gedauert, bis d’Petitioun no.3281 déi néideg 4.500 Ënnerschrëften zesummen hat.