Aktualitéit: Wéi steet et em d’sexuell an affektiv Gesondheet vu Lëtzebuerg

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Aktualitéit: Wéi steet et em d’sexuell an affektiv Gesondheet vu Lëtzebuerg
Loading
/

Déi éischt Ëmfro iwwert sexuell an affektiv Gesondheet zu Lëtzebuerg gëtt eis endlech Zuelen zu wichtegen Theme wéi Queerness, Verhütung, sexuell Bildung, sexualiséiert Gewalt, a nach vill méi. 2.371 Persounen iwwer 18 Joer goufe befrot. D’Studie soll et erméiglechen, d’Problemer a Bedierfnisser an dësem Beräich besser ze verstoen a nei Interventiounen ze entwéckelen déi un d’Realitéit um Terrain ugepasst sinn. Du wëlls méi doriwwer wëssen, wéi et em d’sexuell an affektiv Gesondheet vu Lëtzebuerg steet? Da lauschter eran an d’Rubrik vun dëser Woch.

Hëllef fir Betraffener vu Gewalt:
Violence.lu
Centre National pour Victimes de Violences (CNVV)
Telefonsnummer vun der Helpline: 2060 1060

Ënnerstëtzung am Beräich Sexuell iwwerdrobar Krankheete, Verhütung a Schwangerschaftsofbroch:
Planning Familial

Erwäänten Episode:
92: Méi wéi eng Banan an ee Kondom – Sex Education zu Lëtzebuerg

Ëmfro:
La santé affective et sexuelle des résident(e)s au Luxembourg

Weider Quell:
Sexuelle und emotionale Gesundheit: Darf Sex Spaß machen? vum Joël Adami – woxx

Rubrik –  Eng gutt Fro: Masturbéieren ech ze vill?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Rubrik -  Eng gutt Fro: Masturbéieren ech ze vill?
Loading
/

Ech gi moies wakereg, a muss gläich an d’Schoul oder op d’Schaff. Mee e puer Minutte vir séier nach ze masturbéieren hunn ech vläit nach. 

Et ass 10 Auer Paus. Séier op d’Toilette masturbéieren. 

Mëttesstonn? Grad eppes giess, a lo nach Zäit vir ee Kaffie? Nee, de skippen ech léiwer a rubbele mer nach een. 

Ze vill? Ze oft? 

Dorëm geet et an dëser Rubrik. 

Come Together (Kapitel 4): Dain Emotional Floorplan notzen

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Come Together (Kapitel 4): Dain Emotional Floorplan notzen
Loading
/

An der läschter Rubrik (Kapitel 3 vum “Come Together”) huet Kelly iwwert den Emotional Floorplan geschwat: däin emotionale Grondrëss, deen aus 9 verschiddenen Raim besteet. An dëser Rubrik geet et drëm, wei den Emotional Floorplan dir (an denger Bezéiungspersoun) kann dobai hëllefen erausfanne, wéi’s du/dir méi oft an déi Raim kenns/kommt, wou Loscht a Pleséier stattfënnt!

Weiderféierend:
– Beispill fir en Emotional Floorplan: https://www.emilynagoski.com/erika-moens-emotional-floor-plan-comic

Quelle: Kapitel 4 vu “Come Together” vum Emily Nagoski

Eng gutt Fro: Waat ass figging?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Eng gutt Fro: Waat ass figging?
Loading
/

Figging ass eng Praxis, bei där een eng Ingwerwuerzel schielt, an dann a Kontakt mat de Schläimhait vum Anus oder der Vulva kennt. Et kann een de Ginger souwuel benotze vir baussen, wéi och bannen ze stimuléieren.

Eng Gutt Fro: Wat ass d’Pull Out Method?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Eng Gutt Fro: Wat ass d'Pull Out Method?
Loading
/

Jiddfereen*t kennt se, déi berühmt-berüchtegt Pull Out Method. Mee wéi funktionnéiert dës Verhütungsmethod amfong, a wéi (on)sëcher ass se fir Schwangerschaft ze vermeiden? An dëser Rubrik geet Robin op dës Froen an.

Quellen (Englesch):

Mayo Clinic: Withdrawal Method (Coitus Interruptus)

Cleveland Clinic: Pull Out Method

Planned Parenthood: Withdrawal (Pull Out Method)