#102 Community – mam Publikum um sexpositiven Event

#102 Community – mam Publikum um sexpositiven Event
Méi wéi Sex – Staffel 4

 
 
00:00 / 50:04
 
1X
 

Fir d’Staffelfinale vun der 4. Staffel hate mer déi besonnesch Freed mat Publikum dierfen opzehuelen – an zwar um sexpositiven Dag! Een Dag voller Workshops, Gespréicher, Snacks, Beréierungen a Begéinungen. Dofir hunn mer natierlech an dëser Opnam iwwer 💫 Community 💫 geschwat.

Mir froen eis (an iech): Wei kann eent zu Lëtzebuerg sexpositiv, feministesch a queer Communities opbauen? Wei kritt eent Léit zesummen? Wéi kann eent z.B. Events organiséieren (wou eent kann zesumme léieren, entdecken, sech austauschen, sech vernetzen)? Wei eng Eventer a Raim brauche mir? Firwat gëtt et kee queer(feministesch)en Café? Wat fir Communities gëtt et a brauch et?

An och zu der politescher Aktualitéit hu mir geschwat: Wei kenne mer mat der Realitéit ëmgoen, zesumme Kämpfen an zesummen Utopien entwéckelen? Wei kenne mer eis Kämpf esou gestalten dat mer net nëmme reagéiere, mä och proaktiv agéieren?

#101: Mai Kierper seet jo, mai Kapp seet nee – vu Sexualiteit an mentaler Gesondheet

#101: Mai Kierper seet jo, mai Kapp seet nee – vu Sexualiteit an mentaler Gesondheet
Méi wéi Sex – Staffel 4

 
 
00:00 / 49:44
 
1X
 

Mental Health ass stigmatiséiert, Sexualitéit och. Wann d’ Sexualitéit dann och nach vun der mentaler Gesondheet beaflosst gëtt, ass d’ Kommunikatioun duebel erschwéiert.
Den Elie an d*e Robin probéieren an dëser Episod mat dëse Stigmen ze briechen a schwätzen doriwwer, wéi déi mental Gesondheet d’Sexualitéit an déi sexuell Gesondheet beaflosse kann – an ëmgedréint.

An der Rubrik “Sexmythos” schwätzt Kelly iwwer d’Geschicht(en) vun de Vibratoren.

Content Note: An dëser Episod ginn Depressiounen, Trauma, Panik an Iessstéierungen ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.


Hei fënns du Hëllef:
Centre LGBTQ+ Cigale
Planning Familial
Pro Familia
SOS Détresse
Kanner-Jugendtelefon

#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen

#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen
Méi wéi Sex – Staffel 4

 
 
00:00 / 43:25
 
1X
 

Wow, schonn 100 Episoden! De Joël, d*e Robin a Kelly huelen dat zum Ulass, fir emol bëssen driwwer ze schwätzen, wéi dat esou ass, an engem Podcast an um Radio iwwer Sex ze schwätzen. Nieft der Fro vun der Anonymitéit vun eise Sexpartner*innen a Fanfiction-Fantasië geet et awer och dorëms, mat wiem et méi einfach oder manner einfach ass, iwwer Sexualitéit a Gefiller ze schwätzen. Mir kucken eis awer och un, wéi eis Gesellschaft iwwert Sex schwätzt, ginn Tipps wéi ee méi einfach mat Frënd*innen esou ee Gespréich ufänkt a philosophéieren iwwert Ziler vum Podcast. An der Rubrik erkläert den Elie, wat Konsens mat Fritten ze dinn huet.

Wien war wéi dacks am Podcast ze heiren bis elo?
Kelly: 46
Tessie: 36
Joël: 36
Anne S.: 30
Anne K.: 15
Elie: 10
Robin: 5
Mateiu: 2
Mirka: 1
D’Zuele sinn vun denen Leit, déi am Team sinn oder waren bis d’Episod 99 mat a stëmmen, wann de Joël richteg gezielt huet.
Klickt hei fir méi iwwert den Event den 25.6. gewuer ze ginn!

#99 Vu Pandabieren an Skin Hunger – Beréierungen a professionellt Kuschelen

#99 Vu Pandabieren an Skin Hunger – Beréierungen a professionellt Kuschelen
Méi wéi Sex – Staffel 4

 
 
00:00 / 39:21
 
1X
 

Beréierungen am Alldag si wichteg. Dat hunn déi meescht vun eis spéitstens am éischte Lockdown geléiert, wou ob de Phänomen vum “Skin Hunger” fir vill vun eis spierbar ginn ass. Mä net nëmme Beréierungen, och Kuschelen, Kraulen oder Heemele si wichteg fir eist Wuelbefannen. An dëser Episod schwätzt de Joël mam Elisa doriwwer. D’Elisa kuschelt net nëmme gären, hat ass och professionell Kuschlerin. Nieft der Fro, wat Pandabieren a Bonoboe mat Kuschelen ze dinn hunn, erkläert d’Elisa eis och, wéi hat zu dësem aussergewéinleche Beruff komm ass. Een éischten Abléck an de Workshop, deen hat am Kader vun eisem End of Season-Event gëtt, kréie mir och schonn. An an der Rubrik kläert d’Kelly eis iwwer thermesch Verhütung op.

Mëllt Iech un fir eisen End of Season-Event de 25. Juni 2022 zu Esch! Ënnert dësem Link fannt dir all d’Informatiounen. Maacht Iech bäi, d’Plaze si begrenzt!

Shownotes
D’Websäit vun der Kuschelkiste
D’Kuschelkiste op Facebook
D’Elisa op Facebook

#98 Méi wéi Léift a Partnerschaft – Opklärung am Radio fréier an haut

#98 Méi wéi Léift a Partnerschaft – Opklärung am Radio fréier an haut
Méi wéi Sex – Staffel 4

 
 
00:00 / 36:09
 
1X
 

Et gouf zu Lëtzebuerg schonn ee Sexpodcast, do gouf et nach guer keng Podcasts. Riets ass vun de Radiossendunge vun der Marie-Paule Molitor-Peffer. Si huet op RTL Opklärung bedriwwen, an dat op eng Manéier, déi méi progressiv war, wéi een*t sech dat mol direkt géif virstellen. Fir eis ze zielen, wéi Opklärung am Radio an den 1980er Jore geklongen huet, ass eis Liblingshistorikerin a fréier Moderatorin Anne als Special Guest zeréck. Hat huet nämlech seng Masteraarbecht iwwert déi spannend Gynekologin an hier Tabubrëch op Antenn geschriwwen. Zesumme mam Joël schwätzt hat doriwwer, wat mir haut nach kënne vun der Madamm Molitor-Peffer léieren.

Shownotes
Biografie vun der Marie-Paule Molitor-Peffer bei fraendag.lu
Artikelen vun der Marie-Paule Molitor-Peffer am Forum
Artikel vum Anne iwwert Marie-Paule Molitor-Peffer bei Journal.lu (Paywall)

Event
Den 25. Juni ass eist End of Season Event zu Esch. Ënnert dësem Link fannt dir all d’Detailer dozou.