#97: Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex

Méi wéi Sex – Staffel 4
#97: Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex
Loading
/

Wat ass eist Bild vun eis selwer, wa mir Sex hunn? Wéi verännere Fotoen a Videoe – vun eis, a vun anere – eist Selbstbild a Selbstwäertgefill? A wéi fillt et sech un, ee Sexvideo ze maachen? De Joël an Kelly ginn dëse Froen no an diskutéieren iwwert d’Vir- a Nodeeler vu Selfien, iwwer Thirst Traps, den Drang an de Bauch eranzezéien an awer och doriwwer, wat een*t ka maachen, fir sech beim Sex méi sexy a flott ze fillen.

Shownotes:
Bee Secure
Episod iwwer Ënnerwäsch
Episod iwwer Geroch
Episod iwwer Sexting
Mini-Serie vun Arte iwwert Sex-Biller bei Filmer a Serien

#96: D’Jalousien erop maachen – een gesonden Ëmgang mat Eifersucht

Méi wéi Sex – Staffel 4
#96: D'Jalousien erop maachen – een gesonden Ëmgang mat Eifersucht
Loading
/

Wéi geet een am beschte mat senger eegener Jalousie ëm? An wat ass, wann d*e Partner*in jalous gëtt?
De Joël an d*e Robin beschwätzen an dëser Episod, wéi sech e gesonden Ëmgang mat deem Gefill fanne léisst. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dem Rihanna seng Schwangerschaft an dee politesche Statement, deen hat mat sengem Ëmgang domat setzt.

An der Episod erwähnen de Joël an d*e Robin verschidde Bicher, déi sech mamm Thema Jalousie ausenaanersetzen:
– Fern, Jessica : Polysecure: Attachment, Trauma and Consensual Nonmonogamy
– Easton, Dossie & Hardy, Janet : The Ethical Slut
– Rickert, Eve & Veaux, Franklin : More Than Two

Dës Weideren ginn et vill Blogs, déi sech am Kader vun Net-Monogamie mamm Thema Jalousie beschäftegen:
https://affirmativecouch.com/managing-jealousy-in-a-polyamorous-relationship/
http://crimethinc.blogsport.de/2011/03/18/nicht-monogame-beziehungen/
https://www.readyforpolyamory.com/post/jealousy-and-hierarchy
https://www.readyforpolyamory.com/post/but-don-t-you-get-jealous

#95: Nohaltegkeet – Bezéiungen kultivéieren

Méi wéi Sex – Staffel 4
#95: Nohaltegkeet - Bezéiungen kultivéieren
Loading
/

Wat sinn „nohalteg Bezéiungen“? Kann een sech nohalteg Trennen? Wat ass den Ënnerscheed (oder och net) tëscht green dating, mindful dating an slow dating? Dëst beschwätzen Kelly an d’Selma an dëser Episode – lauschtert eran fir vill flott gardening Metapheren a fun facts. Dei läscht 10 Minutte gëtt et eng klengen Exkurs iwwert d’ökosexuellt Manifest an iwwer fairen/etheschen Porno. An der Rubrik schwätz Robin iwwer TERFs.

Dat heiten ass en Joint Venture (Zesummenaarbecht) mat Podcast „Büro für Nachhaltigkeit”, dofir gëtt et och do eng Folge zu Nohaltegkeet an Sex („Green Sex“) – lauschtert eran: https://das-buero-fuer-nachhaltigkeit.podigee.io/ 

Quellen
• Mir ernimmen kuerz di queerfeministesch Film-Veranstaltungsreih „queer loox“: https://queerloox.lu/ 
• fair porn op der Konferenz „Re:publica“ (z.B. Artikel am Standard https://www.derstandard.at/story/2000015425324/aktivisten-fordern-aus-fuer-gratisporno-und-fair-porn-guetesiegel)
• PorYes – Feminist Porn Award: https://www.poryes.de/   

Zu der Rubrik: Platzen fir Berodung an Hëllef wieren z.B. d’CIGALE (https://cigale.lu/), den ITGL (https://itgl.lu) an SOS Détresse (https://454545.lu/)

#94 E Lauter Steng am Wee – Trans* sinn zu Lëtzebuerg

Méi wéi Sex – Staffel 4
#94 E Lauter Steng am Wee - Trans* sinn zu Lëtzebuerg
Loading
/

Lëtzebuerg geseit sech selwer gäer als ganz fortschrëttlech a punkto queer rights. Tatsächlech ass déi lëtzeboiesch Legislatioun net schlecht, an och laut ILGA ass Lëtzebuerg ganz gutt mat dabei. Dobäi ginn et och hei am Land vill Probleemer fir queer Mënschen, an trans* Leit gehéieren zu deene vulnerabelsten. D*e Robin huet mat senge Gäscht Miles an Tony iwwer hir Perspektiv an Erliefnisser als jonk trans* Männer zu Lëtzebuerg geschwat.

Uspriechsplazen fir trans* Mënschen:
Centre LGBTIQ+ Cigale
Rosa Lëtzebuerg
Intersex Transgender Lëtzebuerg

#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen

Méi wéi Sex – Staffel 4
#93 Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen
Loading
/

Medizinesch, kulturell oder reliéis – et ginn vill Grënn, wisou een Penis beschnidde ka sinn. Ass een*t mat engem beschniddenen Penis méi oder manner sensibel an kënnt een*t méi oder manner fréi zum Orgasmus? De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat et heescht, beschnidden ze sinn an wéi si domadder eenz ginn, datt hinnen Virhaut feelt. Ausserdem ginn si der Fro no, wat mam Jesus senger Virhaut passéiert ass a wéi een sech am beschten (net) selwer beschneit. Passend zum Thema schwätzt Kelly an der Rubrik doriwwer, wat eigentlech normal Genitalien solle sinn.

Schema, wou déi verschidde Forme vu Beschneidung duergestallt sinn.
Den ausféierlechen Wikipedia-Artikel zum Thema.