#104: Sex verschäissen – Sex an der Jugend

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#104: Sex verschäissen - Sex an der Jugend
Loading
/

Aller Anfang ist schwer! Vill Leit hunn eng ambivalent Astellung zu hire sexuellen Erfarungen an hirer Jugend, an domat si si net eleng . Vu dass et dem Kelly an dem Robin änlech geet, schwätze si an dëser Episod iwwer hir eegen Erfarungen mat Jugendsexualitéit, a wourun et leie kéint, dass vill Leit vill schlechte Sex an hirer Jugend haten. Donieft diskutéieren si och, wéi sech dës Erfarungen op dat spéidert Liewen auswierke kënnen, wéi et iergendwann besser gi kann an ginn op d Roll vun der Schoul an Educatioun an.

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Unzéiung a Bezéiungen.

#103: Verschidde Vibes a Vibratoren – Sexshops

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#103: Verschidde Vibes a Vibratoren - Sexshops
Loading
/

Déi fënneft Staffel ass do! A mat hir eng nei Persoun an eisem Team: no 4 Staffelen mamm Mila hu mir lo eng néi Illustratorin: d’Lynn! Zu fënnef schwätze mir iwwer eis Erfarunge mat an a Sexshops, wat fir eis e gudde Sexshop ausmëscht a wat mir do am léifste kafen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Mythen zum Thema “Fiicht ginn”.

Hei ass eis Selectioun vu queerfeministesche Sexshops am däitschsproochege Raum:
DÄITSCHLAND
Berlin: other nature
Berlin: sexclusivitäten
Hamburg: Fuck Yeah
Leipzig: Juicy
Leipzig: Vögelei
Freiburg: Erogene Zone 
München: Consent Calling
SCHWÄIZ
Zürich: untamed.love

An hei sinne puer Online Shops, déi mir gäer hunn:
Peachy Vibes
Noxshop
unbound babes
wildflower sex