Aller Anfang ist schwer! Vill Leit hunn eng ambivalent Astellung zu hire sexuellen Erfarungen an hirer Jugend, an domat si si net eleng . Vu dass et dem Kelly an dem Robin änlech geet, schwätze si an dëser Episod iwwer hir eegen Erfarungen mat Jugendsexualitéit, a wourun et leie kéint, dass vill Leit vill schlechte Sex an hirer Jugend haten. Donieft diskutéieren si och, wéi sech dës Erfarungen op dat spéidert Liewen auswierke kënnen, wéi et iergendwann besser gi kann an ginn op d Roll vun der Schoul an Educatioun an.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Unzéiung a Bezéiungen.
Déi fënneft Staffel ass do! A mat hir eng nei Persoun an eisem Team: no 4 Staffelen mamm Mila hu mir lo eng néi Illustratorin: d’Lynn! Zu fënnef schwätze mir iwwer eis Erfarunge mat an a Sexshops, wat fir eis e gudde Sexshop ausmëscht a wat mir do am léifste kafen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Mythen zum Thema “Fiicht ginn”.
#102: Community – mam Publikum um sexpositiven Event
/
Share
Link
Embed
Fir d’Staffelfinale vun der 4. Staffel hate mer déi besonnesch Freed mat Publikum dierfen opzehuelen – an zwar um sexpositiven Dag! Een Dag voller Workshops, Gespréicher, Snacks, Beréierungen a Begéinungen. Dofir hunn mer natierlech an dëser Opnam iwwer 💫 Community 💫 geschwat.
Mir froen eis (an iech): Wei kann eent zu Lëtzebuerg sexpositiv, feministesch a queer Communities opbauen? Wei kritt eent Léit zesummen? Wéi kann eent z.B. Events organiséieren (wou eent kann zesumme léieren, entdecken, sech austauschen, sech vernetzen)? Wei eng Eventer a Raim brauche mir? Firwat gëtt et kee queer(feministesch)en Café? Wat fir Communities gëtt et a brauch et?
An och zu der politescher Aktualitéit hu mir geschwat: Wei kenne mer mat der Realitéit ëmgoen, zesumme Kämpfen an zesummen Utopien entwéckelen? Wei kenne mer eis Kämpf esou gestalten dat mer net nëmme reagéiere, mä och proaktiv agéieren?
#101: Mai Kierper seet jo, mai Kapp seet nee - vu Sexualiteit an mentaler Gesondheet
/
Share
Link
Embed
Mental Health ass stigmatiséiert, Sexualitéit och. Wann d’ Sexualitéit dann och nach vun der mentaler Gesondheet beaflosst gëtt, ass d’ Kommunikatioun duebel erschwéiert. Den Elie an d*e Robin probéieren an dëser Episod mat dëse Stigmen ze briechen a schwätzen doriwwer, wéi déi mental Gesondheet d’Sexualitéit an déi sexuell Gesondheet beaflosse kann – an ëmgedréint.
An der Rubrik “Sexmythos” schwätzt Kelly iwwer d’Geschicht(en) vun de Vibratoren.
Content Note: An dëser Episod ginn Depressiounen, Trauma, Panik an Iessstéierungen ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.
#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen
/
Share
Link
Embed
Wow, schonn 100 Episoden! De Joël, d*e Robin a Kelly huelen dat zum Ulass, fir emol bëssen driwwer ze schwätzen, wéi dat esou ass, an engem Podcast an um Radio iwwer Sex ze schwätzen. Nieft der Fro vun der Anonymitéit vun eise Sexpartner*innen a Fanfiction-Fantasië geet et awer och dorëms, mat wiem et méi einfach oder manner einfach ass, iwwer Sexualitéit a Gefiller ze schwätzen. Mir kucken eis awer och un, wéi eis Gesellschaft iwwert Sex schwätzt, ginn Tipps wéi ee méi einfach mat Frënd*innen esou ee Gespréich ufänkt a philosophéieren iwwert Ziler vum Podcast. An der Rubrik erkläert den Elie, wat Konsens mat Fritten ze dinn huet.
Wien war wéi dacks am Podcast ze heiren bis elo? Kelly: 46 Tessie: 36 Joël: 36 Anne S.: 30 Anne K.: 15 Elie: 10 Robin: 5 Mateiu: 2 Mirka: 1 D’Zuele sinn vun denen Leit, déi am Team sinn oder waren bis d’Episod 99 mat a stëmmen, wann de Joël richteg gezielt huet. Klickt hei fir méi iwwert den Event den 25.6. gewuer ze ginn!