#202: Stinn ech op Männer? — Heterosexualitéit als Norm

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#202: Stinn ech op Männer? — Heterosexualitéit als Norm
Loading
/

Stinn ech eigentlech wierklech op Männer oder ass dat amfong just eng gesellschaftlech Norm? Fir vill WLINTA* (Weiblech, Lesbesch, Intergeschlechtlech, Net-binär, trans an ageschlechtlech) Persounen ass dat eng Fro, déi si sech zumindest eng Kéier gestallt hunn. Lynn a Robin diskutéieren an dëser Episod hir Erfarungen mat där Fro, duerch hir Schoulzäiten an divers “Boyfriends” bis an d’erwuessene Liewen eran.

Hei nach e puer Begrëffserklärungen:

Mir schwätze vill iwwer “sapphic” amplaz vu lesbesch. Souwuel Lynn a Robin fillen sech an der Definitioun vu lesbesch (Fraen déi exklusiv op Frae stinn) net sou gesinn. Sapphic ass bëssi méi breet gefaasst an ëmschreift net-Männer déi (och) zu Weiblechkeet higezu sinn.

Internaliséiert Homophobie: deen Term geet dovun aus, dass queer Mënschen déi Homophobie, déi hinne begéint, géint sech iwwerhuelen. Dat heescht, dass déi Persounen duerch déi Internaliséierung hir eege queerness selwer schlecht betruechten.

Co-dependency: kann een*t als Co-Ofhängegkeet iwwersetzen a bezeechent eng Bezéiung, wou Leit ofhängeg vunenee sinn, also sech fille wéi wann se d Liewen net méi ouni eneen / déi aner Persoun féiere kéinten.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *