#85 Klassismus – de Mythos vum sozialen Opstig an Ofstig

Klassismus
Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#85 Klassismus - de Mythos vum sozialen Opstig an Ofstig
Loading
/

Wat huet Klassismus mat Sproochen, Stereotyppen an Sexy-ness ze sinn? Wéi beaflossen Klassenverhältnisser eis Kierperen, Bezéiungen an Dating? Kelly an Gabi schwätzen iwwer Definitiounen vu Klassismus, dem Mythos vum sougenannten sozialen Opstig, hier eegen Positiounen a Strategien géint klassistesch Diskriminéierungen an Strukturen. 

Quellen

(op Däitsch)
– bell hooks. Die Bedeutung von Klasse: Warum die Verhältnisse nicht auf Rassismus und Sexismus zu reduzieren sind (2020)
– Betina Aumair & Brigitte Theißl (Hg.). Klassenreise: Wie die soziale Herkunft unser Leben prägt (2020)
– Francis Seeck & Brigitte Theißl (Hg.). Soldarisch gegen Klassismus: organisieren, intervenieren, umverteilen (2020)

(op Franséisch)
– Édouard Louis. Qui a tué mon père (2018)
– Édouard Louis. En finir avec Eddy Bellegueule (2014)
– Podcast: Les couilles sur la table – Cours particulier avec Didier Eribon 
(1/2) https://www.binge.audio/podcast/les-couilles-sur-la-table/cours-particulier-avec-didier-eribon-premiere-partie 
(2/2)  https://www.binge.audio/podcast/les-couilles-sur-la-table/cours-particulier-avec-didier-eribon-deuxieme-partie

#84 Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#84 Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien
Loading
/

An dëser Folleg kuckt d’Team vu Méi wéi Sex, wat sech an der Mediewelt gedoen huet, säit de Joël déi éischt “Fraenzäitschrëft” am Grapp hat an d’Anne Nackedeien an der Bravo studéiert huet. Wéini gëtt vum wiem op wéi eng Aart a Weis a lëtzebuergescher Zeitungen, um Radio, a Podcasten an op der Telée iwwer Sex(ualitéit) geschwat? Doriwwer diskutéieren déi zwee an der 84. Episod. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sexaarbecht.

#83 Méi wéi Solosex?!

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#83 Méi wéi Solosex?!
Loading
/

Firwat, mat wat a wéi kann ee Sex mat sech selwer hunn (also Solosex, Selbstbefriddegung, Masturbatioun)? Wat huet Solosex mat Stress ze dinn? An déi wichtegst (oder villäicht och nëmmen déi witzegst) Fro: Wat ass ee “Pandemiewichser”? Dëst a villes Weideres gëss du an dësem Gespréich vum Joel a Kelly gewuer. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Testosterone. 

#82 Wéi aus dem Kierperbillerbuch – Sport & LGBTQI+

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#82 Wéi aus dem Kierperbillerbuch – Sport & LGBTQI+
Loading
/

Passt e Reebou an eng Sportshal? Wéi kann ee Schoulsport méi inklusiv gestalten a wat geschitt, wa Léierpersonal d’Schüler:innen no hirer Meenung freet? Dës Froen huet d’Anne mat de wibbelegen an engagéierte Proffe Sybille a Mandy (iron sparks crossfit) diskutéiert.

#81 Kleng a grouss gemeinsam Nenner – interkulturell Bezéiungen

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#81 Kleng a grouss gemeinsam Nenner – interkulturell Bezéiungen
Loading
/

Aner Gewunnechten, friem Astellunge – an trotzdeem eng Bezéiung? Mir schwätzen dës Kéier iwwer interkulturell Bezéiungen. No engem klengem Exkurs iwwert de Kultur-Begrëff schwätzen d‘Anne an de Joël iwwert verschidde Kulturen am Bezuch op Iessen, Schaffen, Léieren an Diskutéieren. Ausserdeem beäntwerten si déi brennend Fro, wéi wichteg et ass, de selwechten Humor wéi seng Sexpartner*innen ze hunn.