#66 Who the f*** is Marcel? – Ënnerwäsch vun der Tennisstrëmp bis zur Spëtzebéckselchen
/
Share
Link
Embed
Firwat huet de Winnie Puuh keng Ënneschtbox un? Gëtt et Ënnerwäsch mat Spëtzt fir Mënsche mat Penis? Sinn Tennisstrëmp an der Kombi mat Birkenstock sexy? A wien ass deen ominéisen de Marcel? De Joël an d’Anne maachen et an der 66. Episod vu Méi wéi Sex gewëssermoosse wéi d’Superheld:innen a ginn der Ënnerwäsch méi Visibilitéit wéi soss.
#065 E schéint Nospill – Réckbléck op déi zweet Staffel
/
Share
Link
Embed
Mir sinn um Enn vun der zweeter Staffel ukomm an zéie Bilan. Hu mir iwwer méi wéi Sex geschwat? Nieft ärem Feedback schwätze mir doriwwer, wat eis schéinsten a witzegst wéi och schwieregst Momenter waren, wat gefeelt huet a wat fir Themen op iech an der drëtter Staffel duerchkommen.
Wat ass ee Summerfling? An der leschter Rubrik virun der Summerpaus erkläert den Elie wéi een eng schéin Zäit zu 2 verbrénge kann, a wei een sech am beschten uleet vir ee Summer Fling ze fannen. Stay hydrated, kids.
Firwat huet een Tattooen? Veränneren Tätowéierungen d’Perceptioun vun engem selwer oder wéi een aner Persoune gesäit? An wéi ass et mat der (frëndschaftlecher, romantescher an/oder sexueller) Unzéiung zu Léit wann se (keng) Tattooen hunn? Doriwwer (an nach méi) plauderen d’Kelly an d’Lynn.
An der Rubrik äntwert d’Kelly op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°4 : “Ass dat normal … keen Orgasmus kennen ze hunn?”
Wat mëcht Covid mat Bezéiungen, Intimitéit a Sexualitéit? Wéi ass Dating wärend enger globaler Pandemie? D’Kelly an d’Anne ziele vun hiren Erfarungen a schwätzen iwwer Masturbatioun, mental health an nach vill méi. An der Rubrik äntwert den Eile op eng weider Fro vun Noolauschter*innen: #followersedition N°3 – Erektiounsproblemer. Et gi verschidde Grënn, firwat ee keng Erektioun hale kann. E puer Froen déi een sech stelle soll sinn: Kann ech eng Erektioun halen, wann ech eleng masturbéieren? Geschitt mer dëst nëmme mat enger Partnerin oder engem Partner? War dat schonn ëmmer sou, oder ass et eppes Neies?
#062 Net iessen, wat op den Dësch kënnt – Iessstéierung(en)
/
Share
Link
Embed
Hunn Iessstéierungen ëmmer eppes mam Ausgesinn ze dinn? Gëtt et sou eppes wéi “rëm Iessen léieren”? A wéi nennt een Leit, déi hir Krankheet iwwerlieft an de Wee zréck zu engem agreabelen Ëmgang mat Liewensmëttel fonnt hunn? All dëst diskutéieren d´Anne an d´Nora an dëser Folleg.