#149: No enger Trennung eenz ginn – How to get over it

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#149: No enger Trennung eenz ginn – How to get over it
Loading
/

Fir vill Mënschen ass eng Trennung, egal op vu Partner*innen oder Frën*dinnen, eng aschneidend Erfarung am Liewen – an oft eng Erfarung, mat däer net ëmmer jiddfereen*t gutt eenz gëtt. De Joël a Robin ginn an dëser Episod Tipps an Tricks wéi een*t mat enger Trennung eenz gi kann: vu schréiwen iwwer (net ze vill) schaffen, bis bei d Fro op Rebound Sex eng gutt Iddi ass. Och schwätze si driwwer, wéi een*t Frën*dinnen ënnerstëtze kann, déi grad duerch Trennungskrise ginn.

An der Rubrik gëtt Kelly en How To fir mat schwierege Gefiller eenz ze ginn.

Hei sinn aner Episoden, déi mäer schonn zum Thema Trennung opgeholl hunn:
#87: Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner
#112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?
#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung

Falls et guer net méi geet, kanns de der hei Ënnerstëtzung an Hëllef sichen:
https://454545.lu/
https://www.kjt.lu/de/
https://www.kjt.lu/de/elterentelefon/
https://www.prevention-suicide.lu/

#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
#148: Vun Opreegung an Enttäuschungen – Méi wéi eng éischte Kéier
Loading
/

Et ass ee ganz besonnesche Moment am Liewen, no deem alles aneschters ass: Déi éischte Kéier. Mä Moment emol, vu wat fir enger éischter Kéier schwätze mir iwwerhaapt? Wisou denke mir bei deene Wierder direkt u penetrativen Penis-a-Vagina-Sex? Eis Podcast*innen Joël, Robin a Lynn diskutéieren, ob hir „éischte Kéier“ iwwerhaapt hir wierklech „éischte Kéier“ wat an iwwerleeën sech, wéi d’Ausernanersetze mat der perséinlecher Geschicht dozou feiere kann, datt ee verschidde Momenter ëmdefinéiert. Ausserdeem schwätze mir iwwert deen éischte queere Sex, d’Sex-Olympiad a Jalousie op aneren hir éischte Kéieren. An der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Sober Sex ass.

Shownotes:
Episod #125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen
Episod #109: Wann et einfach net geet – Vaginismus

#147: Wat ass queer? – Community Episod

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#147: Wat ass queer? – Community Episod
Loading
/

Fir eisen End of Season Event vun der 6ter Staffel hate mer net nëmmen zwee wonnerbar Workshops an eng Drag Show, mee mäer hunn och mat eiser wonnerbarer Community live eng Episod opgeholl!

Mir hu mat Iech driwwer geschwat, wat “queer” amfong ass, an hunn dobäi villfälteg Aspekter vun deem Thema beliicht (och mat Ärer Participatioun!). Si net-monogam a neurodivergent Mënschen inherently queer? Gëtt et amfong “d queer Community”? A wat ass eigentlech queere Sex?

An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Bindungsmusteren a Sex.

#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung
Loading
/

Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä och hei huet ären Liblingssexpodcast Tipps fir Iech! An an der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wéi ee Business Meeting hëllefe kann, besser ze kommunizéieren.
Vergiesst och net eisen Event de 6. Juli an de Rotonden, wou dir bei Workshops a bei enger Live-Opnam vun enger Episod kënnt dobäi sinn.

#145: Vu Gefiller a Kierperen – Schwangerschaft

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#145: Vu Gefiller a Kierperen - Schwangerschaft
Loading
/

Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert hunn.

An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer de Mythos vum vaginalen Orgamus.