Dual Control System? Klengt technesch, mee ass et net! Bei Ereegung kennen Saachen, bei eis op de Gas oder op d’Bremse vun éiser Loscht trëppelen. 🚗
Zum Beispill: Du hues Loscht op Sex, mee kanns dech net gutt drop aloossen oder ofschalten? Du empfënns Pleséier, mee kanns mat enger aner Persoun nëmmen schwéier en Orgasmus hunn? Oder du brauchs laang fir ugetörnt ze sinn? Dat kéint mat denge Bremsen a Accelerateuren ze dinn hunn.
Kapitel 4 (bonus): Emgang mat schwieregen Gefiller
/
Share
Link
Embed
D’Emily Nagsoki schléit fir, dat ee schwiereg Gefiller innerhalb vu Bezéiunge ka wéi e schléifregen Igel (sleepy hedgehog) behandelen. 🦔
Dat geet esou: Wann’s du ee schléifregen Igel op deem Stull fënns, op deen s’du dech grad setze wolls, da sollste de: 1- dem Igel en Numm ginn (Gefiller benennen) 2- der e friddlech op de Schouss setzen (Gefiller unhuelen) 3- erausfannen, wat e brauch (Verantwortung fir Gefiller iwwerhuelen) 4- denger Bezéiungspersoun vun de Bedürfnisser zielen, dat der kennt zesummen dem Igel hëllefen (Gefiller a Bedürfnisser kommunizéieren)
Bindung (engl. Attachment) ass den emotionale Mechanismus, dee Mënschen unenee bendt, z.B. Kanner an Elteren, Frënn oder romantesch Bezéiungspersounen. An dëser Rubrik froe mer eis: Wei funktionéiert Bindung? Wat heescht et, un eng Persoun “gebonnen” ze sinn? Weieng Aarte vu Bindung gëtt et? Mee och: Wat ass bindungs-motivéierte Sex? And how does Sex advance the plot?
Quelle: “Come As You Are” vum Emily Nagoksi (Kapitel 4)
Mat deem wat ee stresst ëmzegoen (z.B. Arbescht fir eng Deadline oder e schwieregt Gespréich) ass net dat selwecht wei mam Stress selwer ëmzegoen.
„Just because you dealt with the stressor doesn‘t mean you dealt with the stress itself.“ (Emily & Amelia Nagoski am Buch „Burnout“, S.25)
Stress ass en Zyklus – an dee muss een „komplettéieren“. Sos stauen sech déi Zyklen an engem op – an et spiert een se weiderhi kierperlech an emotional.
Ways to « complete the stress cycle » – Beweegung! Beispiller: Sport, danzen, Vëlo fueren, Muskelen 20 Sekonnen uspanen an dann ausrëselen. – Ootmen. Virun allem Bauchootmung a mei laang ausootmen wei anootmen. Übung: 5 anootmen, 5 halen, 10 ausootmen, 5 anhalen, etc.). – Laachen. – Kréichen → oppassen de richtege Moment ze fannen fir rëm opzehalen. – Kreativ sinn. Beispiller: molen, zeechnen, bastelen, schreiwen, Musik maachen oder lauschteren, sangen. – Sech em de Kierper këmmeren. Beispill: bueden, duschen, Neel fierwen, acrèmen. – Meditéieren → Gefiller fillen, mat hinne sinn an se goen ze loossen. – Zouneigung (emotional an kierperlech): 20 Sekonnen ëmaarmen, 6 Sekonnen kussen.