Eng gutt Fro: Wéi beaflosst eis eng sex-negativ Welt?
/
Share
Link
Embed
Vu klengem u kréie mir (implizit an explizit) bäibruecht, dat Sex geféierlech wier an een sech fir Sexualitéit (an dofir e Kierper ze hunn) schumme misst. An da solle mer (laut Medien, Filmer asw.) als erwuesse Persoun bemol super emanzipéiert sinn an e meeeega Sexliewe mat multipelen Orgasmen hunn. Dëse kulturelle Kontext ass widderspréchlech a verwirrend.
An dëser Rubrik gëss du gewuer wei “the Moral Message”, “the Medical Message” an “the Media Message” (sou nennt d’Emily Nagoski d’Botschafte vun eiser sex-negativer Welt) däi sexuellt Wuelbefannen an deng Bezéiung zu dir an dengem Kierper beaflossen. An weis du kanns domadden ëmgoen!
Quelle: “Come as you are” vum Emily Nagoski (Kapitel 5)
D‘Emily Nagoski huet esou vill wonnerbar Arabescht gemaach, dat ech hat bal an all Episode direkt oder indirekt zitéieren. Säin Buch “Burnout” (geschriwwen zesummen mat senger Schwester Amelia Nagoski) huet main Bléck op wéi ech mat Gefiller a Stress ëmgi fir ëmmer verännert (in a very good way). An säin wonnerbart Buch “Come As You Are” ass quasi e Standardwierk vun der moderne Sexualwëssenschaft. Vill Ressourcë bezéien sech op dem Emily seng Arabescht. Mee keng Angscht – et ass kee langweilegt oder dreschent Buch, hear for yourself!
En hunn aus all Kapitel vun “Come As You Are” dat, wat ech interessant fonnt hu fir dech zesummegefaasst (plus heiansdo eng Bonus Rubrik). Quasi en Audio-Guide zum Buch (oder amplatz vum Buch). Du kanns d’Rubriken noenee lauschteren oder duercherneen.