Wat fir Strategien ginn et bei Liebeskummer? Ass et besser sech ofzelenken oder driwwer ze schätzen? Wat heescht et den “stress cycle” ze completéieren – an firwat ass dat wichteg? An fir wat ass eng “Liebeskummermelodie” gutt?
Quellen an Buchtipps – “Burnout: Solve your Stress Cycle” vum Emily & Amelia Nagsoki – Fir d’Bezéiung zu sech selwer stäerken: “Polysecure” (Kapitel 9) vum Jessica Fern
Et ass recommandéiert, een mol am Mount déi eegen Broscht ofzetaaschten – als Fréierkennung vu Broschtkriibs. Op englesch nennt een dat: Breast Self Exam (”Broscht Selbstënnersichung”). Wei (an wéini) een Brëscht selwer oftaaschten kann, héiert dir an dëser Rubrik. ✋ 🫲 🫱 🤚
Sex ass keen Drive. Wierklech net – och wann et sech heinsdo esou ufillt!
Mee wat ass Sex dann? An firwat ass et iwwerhaapt wichteg Sex net als eng Drive ze verstoen? An wat huet spontan a responsive Loscht domat ze dinn? Lauschter eran fir d’Äntwerten op des Froen.
Specatoring ass wann een sech iwwer säin Kierper an säin Sex Suerge mëscht ✨wärenddeems ✨ ee Sex huet. Et beobacht een sech quasi vu baußen, bewäert säi Kierper an/oder seng sexuell Performanz. Dat bremst Erregung, Loscht a Pleséier – an esou hu mer z.B. och Schwieregkeeten en Orgasmus ze hunn.
Wei kenne mir eise Sex méi genéissen? Méi Loscht a Pleséier spieren? Manner spectatoren? Dat héiers du an dëser Rubrik.