Vläit hues du scho mäi klenge Reader’s Digest vum Buch “Come As You Are” gelauschtert? Elo geet et wéider mam “Nofollgebuch”: Come Together.
Am Buch “Come Together” geet et dodrëms, wéi Koppelen, déi scho méi laang zesumme sinn, kennen e glécklecht Sexliewe matenee feieren. Direkt am Intro schreift d’Emily Nagoski dat vill Léit denken, dat hei d‘Frequenz vum Sex oder néi Erfarungen an Aventuren de Schlëssel fir e laangfristeg flott Sexliewe sinn… D’Wëssenschaft seet allerdéngs eppes ganz anescht. Wei oft ee Sex huet seet, zum Beispill, näischt driwwer aus, wéi zefridden ee mat sengem Sexliewen ass. Au contraire: wéineg Léit hunn an hire längerfristege sexuelle Partnerschaften oft Sex, well mir hunn nämlech all vill ze dinn.
D’Emily Nagoski faasst allerdéngs 3 Charakteristiken zesummen, déi ausschlaggebend si fir Partnerschaften, déi eng staark sexuell Verbindung iwwert d’Zäit oprecht halen: 1. Si si befrënnt, dat heescht: si vertrauen sech a bewonneren eneen. 2. Si prioriséiert Sex, dat heescht: si decidéieren zesummen, dat et hinnen an hirer Bezéiung wichteg ass 3. Amplaz Meenunge vun anerer doriwwer ze akzeptéieren, wéi ee Sex “sollt” hunn, leeën se Wäert drop, wat fir si wouer ass a bei zu hirer Bezéiung passt.
Du bass virwëtzeg, wat dat konkret heescht a weis du dat an denge Bezéiunge kanns ëmsetzen? Dann lauschter an déi kommend Rubriken eran.
Wat sinn déi 4 grouss Grënn, firwat Leit Sex hunn? Wei kann ech domadden ëmgoen, wann ech kee Sex well? A wat kann ech maachen, wann ech rëm méi zefridde well si mat dem Sex, deen ech mat menger Bezéiungspersoun hunn?
Quellen zu Asexualiéit: – Episode 69 zu Asexualitéit – Episode 126 zu Demisexualitéit → hei gett et och vill weider Quellen an de Shownotes – „Ace: What Asexuality Reveals About Desire, Society, and the Meaning of Sex“ vum Angela Chen – „(un)sichtbar gemacht – Perspektiven auf Aromantik und Asexualität“ Annika Baumgart & Katharina Kroschel
Heiansdo ass Schwätzen oder e Gespréich ufänken guer net esou einfach! An dëser Rubrik geet et drëm, wéi een eegen Bedürfnisser, Wënsch an Phantasien senge Sexpartner*innen och op manner verbal Aart a Weisen ausdrécken kann. Duerch Weisen, Schreiwen, Spillen, Fillen oder Kucken.
Wat – et gëtt méi wéi nëmmen Kondomer an Vasektomie?!
An dëser Rubrik schwätz Kelly iwwer thermesch Verhütung: Eng Zort vun Schwangerschafts Verhütung fir Persounen mat Penis! Dest Verhütung funktionéiert mat Temperatur, ass immens sëcher an huet keng Niewewierkungen (ausser dat engem waarm gëtt) – dofir gëtt et héisch Zait dat jiddwereen_t dovun gewuer gëtt!