How to: Aftercare

Rubriken
Rubriken
How to: Aftercare
Loading
/

Aftercare ass Englesch fir “Nosuerg” (after = dono, care = (em)suergen), also sech no sexuellen oder intimen Kontakt emëneen këmmeren.

Oft mëscht een Aftercare ouni dat een d’Wuert dofir kennt: Kuschelen, Waasser drénken, Schwätzen, sech halen, Schockela iessen oder eppes snacken, eleng oder zesummen duschen, Musik lauschteren, eng Taass Téi, …
Et geet drëm ze kuken, dat et jidderengem gutt geet a wat all Persoun brauch (dat kann ganz ënnerschiddlech sinn) fir sech gutt aus dem gemeinsamen Kontakt ze léisen an rëm bei sech an an der Realitéit unzekommen. 🫂 💬 🛁 🍫🫖 🎶

Mir froen éis: Wat ass alles Aftercare?
Wéini an”no” wat mecht een Aftercare?
Firwat a fir ween?

P.S. D’Wuert Aftercare kennt also net vun After (Anus)! Wann dech dat interesséiert, dann lauschter den “How to: Intim Hygiène” oder den “How to: Analsex” 😀

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *