Come Together: Intro

Vläit hues du scho mäi klenge Reader’s Digest vum Buch “Come As You Are” gelauschtert? Elo geet et wéider mam “Nofollgebuch”: Come Together.

Am Buch “Come Together” geet et dodrëms, wéi Koppelen, déi scho méi laang zesumme sinn, kennen e glécklecht Sexliewe matenee feieren. Direkt am Intro schreift d’Emily Nagoski dat vill Léit denken, dat hei d‘Frequenz vum Sex oder néi Erfarungen an Aventuren de Schlëssel fir e laangfristeg flott Sexliewe sinn… D’Wëssenschaft seet allerdéngs eppes ganz anescht. Wei oft ee Sex huet seet, zum Beispill, näischt driwwer aus, wéi zefridden ee mat sengem Sexliewen ass. Au contraire: wéineg Léit hunn an hire längerfristege sexuelle Partnerschaften oft Sex, well mir hunn nämlech all vill ze dinn.

D’Emily Nagoski faasst allerdéngs 3 Charakteristiken zesummen, déi ausschlaggebend si fir Partnerschaften, déi eng staark sexuell Verbindung iwwert d’Zäit oprecht halen:
1. Si si befrënnt, dat heescht: si vertrauen sech a bewonneren eneen.
2. Si prioriséiert Sex, dat heescht: si decidéieren zesummen, dat et hinnen an hirer Bezéiung wichteg ass
3. Amplaz Meenunge vun anerer doriwwer ze akzeptéieren, wéi ee Sex “sollt” hunn, leeën se Wäert drop, wat fir si wouer ass a bei zu hirer Bezéiung passt.

Du bass virwëtzeg, wat dat konkret heescht a weis du dat an denge Bezéiunge kanns ëmsetzen? Dann lauschter an déi kommend Rubriken eran.

Quelle: “Come Together” vum Emily Nagoski

Come Together (Kapitel 1): Ass Sex wichteg? Firwat hunn mir Sex?

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Come Together (Kapitel 1): Ass Sex wichteg? Firwat hunn mir Sex?
Loading
/

Wat sinn déi 4 grouss Grënn, firwat Leit Sex hunn? Wei kann ech domadden ëmgoen, wann ech kee Sex well? A wat kann ech maachen, wann ech rëm méi zefridde well si mat dem Sex, deen ech mat menger Bezéiungspersoun hunn?

Quelle: “Come Together” vum Emily Nagoski

Rubriken vun “Come As You Are”
– Kapitel 2: Dual Control System
– Kapitel 3: Stress & Sex in Context
– Kapitel 4: Complete your Stress Cycle
– Kapitel 5: Selbstkritik an de kulturelle Kontext

Worksheets:
– Sexual Temperament Questionnaire
– Sexy Contexts & Not-so-Sexy-Contexts
– Turning off the Offs

Quellen zu Asexualiéit:
– Episode 69 zu Asexualitéit
– Episode 126 zu Demisexualitéit → hei gett et och vill weider Quellen an de Shownotes
– „Ace: What Asexuality Reveals About Desire, Society, and the Meaning of Sex“ vum Angela Chen
– „(un)sichtbar gemacht – Perspektiven auf Aromantik und Asexualität“ Annika Baumgart & Katharina Kroschel

How To: Kommunikatioun mat Sexpartner*innen

Rubriken
Rubriken
How To: Kommunikatioun mat Sexpartner*innen
Loading
/

Heiansdo ass Schwätzen oder e Gespréich ufänken guer net esou einfach! An dëser Rubrik geet et drëm, wéi een eegen Bedürfnisser, Wënsch an Phantasien senge Sexpartner*innen och op manner verbal Aart a Weisen ausdrécken kann. Duerch Weisen, Schreiwen, Spillen, Fillen oder Kucken.

Quellen:

Want/Will/Won’t Lëscht
– https://sexted.org/faq/wantwillwont-lists/
– https://www.scarleteen.com/article/advice/yes_no_maybe_so_a_sexual_inventory_stocklist

Alternativ Pornoplattformen:
– https://getcheex.com/
– https://pinklabel.tv/

Inspiratioun fir dës Rubrik: “Giving the Talk: 5 Ways to Help your Partner learn what you really like in bed” https://www.facebook.com/givingthetalk/posts/pfbid02hA8dry94hsqsSsBYAuAVPHMH6T8KG1KBrNP3KjNCzCdZtvsaJ8NWkXUibGmYhyjil

Come Together (Kapitel 2): Pleséier zentréieren!

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Come Together (Kapitel 2): Pleséier zentréieren!
Loading
/

Wat ass de Loscht-Imperativ (engl. desire imperative)? An firwat sollte mir Pleséier zentréieren, fir laangfristeg zefridde sexuell Bezéiungen ze féieren? Doriwwer schwätzt Kelly an dëser Rubrik.

Vertiefend Rubriken
– Meta-Gefiller
– Stress & Sex in Context
– Dual Controll System
– Ënnerscheed tëscht Erreegung, Loscht an Unzéiung?

Worksheets (vum Emily Nagoski senger Websait)
– Stress
– Sexy Contexts and Not-So-Sexy-Contexts

Come Together (Kapitel 3): Den Emotional Floorplan

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Come Together (Kapitel 3): Den Emotional Floorplan
Loading
/

Et ass wichteg Pleséier an de Fokus vu sexuellen an intime Bezéiungen ze setzen (also alles wat sech gutt ufillt). Elo ass d’Fro: wéi maache mir an eisem Liewe Platz fir Pleséier — wa mer esou vill aner Saachen ze dinn hunn, déi wichteg sinn?!

Hei benotzt d’Emily Nagoski a sengem Buch “Come Together” eng Metapher: the emotional floorplan. Eisen emotionale Grondrëss besteet aus 9 verschiddenen Raim, dovun sinn der 4 pleasure-favorable (PLAY, SEEKING, CARE, LUST), 3 pleasure-adverse (PANIC&GRIEF, FEAR, RAGE) an 2 neutral (OFFICE & OBSERVATIONAL DISTANCE).

Dëse Plang ze kënne kann hëllefen ze verstoen, wéi mer an dee Raum kommen, wou mer sexuelle Pleséier erliewen. Du wëlls wëssen, wat deng 9 emotional Raim sinn a wou de Pleséier wunnt? Dann lauschter eran an d’Rubrik vun dëser Woch!


Weiderféierend:
– Beispill fir en Emotional Floorplan: https://www.emilynagoski.com/erika-moens-emotional-floor-plan-comic
– Rubrik zum Ënnerscheed tëscht Erreegung, Loscht an Unzéiung: https://sexpodcast.ara.lu/podcast/erreegung-loscht-unzeiung/