#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#135: Du Aarsch - Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere
Loading
/

Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your Stress Cycle“.

Links:
Guardian Artikel
1001 Fesses Project

#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care
Loading
/

D’Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat si et net op hir Lëscht vun de Neijoersvirsäz gepackt huet.

#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?
Loading
/

Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d’Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei de Basics ophalen, erziele mir dann och, wat ee gudden oder esouguer de perfekten Date wier.  E puer Tipps fir gutt Locations an Aktivitéite fir äre nächsten Date gi mir iech och!

An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert de Mythos vum Sexdrive.

#132: Daily Bodyhorrors – Ekel, Schummt a wierd Kierpersachen

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#132: Daily Bodyhorrors - Ekel, Schummt a wierd Kierpersachen
Loading
/

Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch – den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen – a wouhier kommen Ekel a Schummt?

#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage

Méi wéi Sex – Staffel 6
Méi wéi Sex – Staffel 6
#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage
Loading
/

HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema HIV ginn ass, wësse vill Persoune net, dass d Wësseschaft säit de 90er wäit komm ass. De Patrick lieft säit 2007 mat HIV, an erzielt eis seng Geschicht.

An der Rubrik erklärt d Kelly, wat Arousal Non Concordance ass.

Shownotes:
Infos iwwer PrEP zu Lëtzebuerg: prep.lu
Méi Wéi Sex test sech op HIV: Episod 72
STI Témoignage HPV: Episod 114
HIV Berodung vun der Croix Rouge