Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff soen, wat een*t drun hënnere, kann et auszeprobéieren, wat fir wichteg Methoden et fir safer sex bei Analsex ginn an doriwwer, wéi gesond et ass, heiansdo am Aasch ze sinn.
An der Rubrik erkläert den Elie eis, wat Blue Balls sinn.
#135: Du Aarsch - Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere
/
Share
Link
Embed
Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your Stress Cycle“.
#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care
/
Share
Link
Embed
D’Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat si et net op hir Lëscht vun de Neijoersvirsäz gepackt huet.
#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?
/
Share
Link
Embed
Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d’Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei de Basics ophalen, erziele mir dann och, wat ee gudden oder esouguer de perfekten Date wier. E puer Tipps fir gutt Locations an Aktivitéite fir äre nächsten Date gi mir iech och!
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwert de Mythos vum Sexdrive.
#132: Daily Bodyhorrors - Ekel, Schummt a wierd Kierpersachen
/
Share
Link
Embed
Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch – den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen – a wouhier kommen Ekel a Schummt?