Eng gutt Fro: Wat ass Stealthing?

Eng gutt Fro: Wat ass Stealthing?
Rubriken

 
 
00:00 / 4:44
 
1X
 

Stealthing ass wann eng Persoun (mat Penis) den Kondom ouni d’Averständnis vun där anerer Persoun forthellt oder net benotzt – an zwar heemlech, also ouni dass déi aner Persoun dat matkritt. Leider gëtt des Form vun sexualiséierter Gewalt an deenen leschten Joer ëmmer méi verbreet. D’Kelly schätzt an dëser Rubrik driwwer wien betraff ass, firwat, an wéi een domat ëmgoen kann wann engem Stealthing geschitt. 

An dëser Folleg ginn weider Informatiounen zu der Situatioun zu Lëtzbuerg versprach. Mir hu beim Parquet nogefrot a si Folgendes gewuer ginn:

  1. Wann een duerch d’net-konsensuellt Entfernen vun engem Kondom een aneren oder een anert mat enger Geschlechtskrankheet ustëcht, läit Kierperverletzung vir.
  2. Fir dass viru Geriicht den Tatbestand vun der Vergewaltegung gräift, ass et immens wichteg, beweisen ze kënnen, dass keen Konsens bestanen huet; d’Affer als net agewëllegt huet an den ongeschützte Sex. Dofir sollt een:t sech (wéi och bei allen aneren Formen vu sexualiséierter Gewalt) sou séier wéi méiglech bei der Police mellen. D’Police hëlt är Plainte entgéint, hält är Aussien fest an stellt Beweiser (wéi zum Beispill DNA-Spueren, méiglech Blessuren, etc.) sécher. Wann dir iech net traut, bei d’Police ze goen, dann mellt iech bei Umedo. Dëst ass eng Organisatioun, déi och Beweiser sécheren kann an iech ënnerstëtzt, wann dir dann an engem zweeten Schrëtt wëllt bei d’Police goen. Dat ass net einfach an et muss een:t Courage a Kraft opbréngen. Mä et huet keen d’Recht, sou mat iech ëmzegoen! Dir dierft iech wieren an hutt Ënnerstëtzung verdéngt!
  3. A Punkto Stealthing gëtt et bis elo wéineg Jurisprudenz zu Lëtzebuerg. Allerdéngs krut en Affer 2008 am Kader vun engem Geriichtsprozess bezüglech dem Vorwirf vun der Vergewaltegung Recht, well d’absence vu Konsens beluecht konnt ginn. D’Persoun haat nämlech heefeg verbal kommunizéiert, dass si keen ongeschützte Sex wéilt an et koum dunn trotzdem dozou. Dat war net ok! Mir soen där Persoun Merci, dass si de Mutt haat, dat net am Raum stoen ze loossen.
  4. Mir kruten op Instagram och nach e perséinleche Message vun enger Persoun geschéckt, där mir och Merci wëllen soen fir hir Éierlechkeet an de Wëllen anerer ze schützen. Hei ass hire Message: “Wat vläicht wichteg wier ze wëssen fir all Persounen dobaussen: Bis zu 24 Stonnen no der Vergewaltegung kann d’Police ouni “Pobeier-Krom” an ouni “sech mussen ze rechtfaerdegen” d’Vergewalteger fest huelen an se direkt verhuelen. Dono gëtt dat vill méi schwéier. Ech wees fir mech (ouni mir e Reproche ze maachen), dass wann ech déi Informatioun gehaat hätt, ech direkt bei d’Flicken gaang wier an net 4 Deeg dono.”

Quellen

– Artikel (op Englesch): https://flo.health/menstrual-cycle/sex/sexual-health/what-is-stealthing (30.1.21)

– Zu der rechtlecher Situatioun an der Schwäiz (op Englesch) https://www.theguardian.com/lifeandstyle/2017/jan/16/removing-condom-without-permission-rape-swiss-court-definition-non-consensual-sex (30.1.21)

Hëllef & Berodung

– SOS détresse (Tel. 454545)

– Planning Familial (www.planning.lu)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *