How to: Wéi kann ee Business Meeting hëllefen besser ze kommunizéieren?
An der leschter Rubrik hu mer driwwer geschwat, wéis de ee Kink Event fanne kanns, a wéis de dech virbereede kanns éiss de op sou een Event gees.
An dëser Rubrik gi mer elo ee Schrëtt weider. Du waars vläit schonn op engem munch oder social, an hues lo entscheet op däin éischte Kink Event mat play space ze goe. Du hues och eventuell Loscht Dëse Spillraum ze betrieden, a mat ze spillen. Mee do sinn nach vill Froen op, an du weess nach guer net wourop de dech do aléis a wéis de dech am beschte verhale solls. Em all dat geet et an dëser Rubrik.
Poppers kommen a klenge gliesene Fläsche mat faarwege Logoen drop.
Vläit hues du scho mäi klenge Reader’s Digest vum Buch “Come As You Are” gelauschtert? Elo geet et wéider mam “Nofollgebuch”: Come Together.
Am Buch “Come Together” geet et dodrëms, wéi Koppelen, déi scho méi laang zesumme sinn, kennen e glécklecht Sexliewe matenee feieren. Direkt am Intro schreift d’Emily Nagoski dat vill Léit denken, dat hei d‘Frequenz vum Sex oder néi Erfarungen an Aventuren de Schlëssel fir e laangfristeg flott Sexliewe sinn… D’Wëssenschaft seet allerdéngs eppes ganz anescht. Wei oft ee Sex huet seet, zum Beispill, näischt driwwer aus, wéi zefridden ee mat sengem Sexliewen ass. Au contraire: wéineg Léit hunn an hire längerfristege sexuelle Partnerschaften oft Sex, well mir hunn nämlech all vill ze dinn.
D’Emily Nagoski faasst allerdéngs 3 Charakteristiken zesummen, déi ausschlaggebend si fir Partnerschaften, déi eng staark sexuell Verbindung iwwert d’Zäit oprecht halen:
1. Si si befrënnt, dat heescht: si vertrauen sech a bewonneren eneen.
2. Si prioriséiert Sex, dat heescht: si decidéieren zesummen, dat et hinnen an hirer Bezéiung wichteg ass
3. Amplaz Meenunge vun anerer doriwwer ze akzeptéieren, wéi ee Sex “sollt” hunn, leeën se Wäert drop, wat fir si wouer ass a bei zu hirer Bezéiung passt.
Du bass virwëtzeg, wat dat konkret heescht a weis du dat an denge Bezéiunge kanns ëmsetzen? Dann lauschter an déi kommend Rubriken eran.
Quelle: “Come Together” vum Emily Nagoski