#032 Frëndschaft no Trennung

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#032 Frëndschaft no Trennung
Loading
/

Ass et eng gutt Idee, vun enger Bezéiung op eng Frëndschaft iwwerzegoen? Wat ass, wann déi eng Persoun dat wëll an déi aner net? A wéieng Schwieregkeete kënnen dobäikommen, wann d’Ex-Persoun eng nei Bezéiung huet? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.

#031 Queere Sex

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#031 Queere Sex
Loading
/

Wat ass queere Sex? Hu queer Persounen ëmmer queere Sex an hetero Leit nie? Deene Froen sinn d’Tessie an d’Kelly nogaangen. An der Rubrik geet et ëm psychesche Mëssbrauch a romantesche Bezéiungen.

Literatur: Körper, Sexualität und Beziehung für Junge Trans*menschen (Trans*Rech e.V. 2017)

#030 Dating Apps

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#030 Dating Apps
Loading
/

D’Lucie an d’Kelly schwätzen doriwwer firwat si Dating Apps benotzen, wéi hier éischt Noriichten am Tinder-Chat ausgesinn, wéini en gudde Moment fir en Date ass an wéi hier rezentest a komeschst Tinder-Geschichten ausgaange sinn.

#029 Liebeskummer

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#029 Liebeskummer
Loading
/

Wéini schwätzt ee vu Liebeskummer a wéi kann een domat ëmgoen? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen.

#028 Wuess, Laser, Epilatioun

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#028 Wuess, Laser, Epilatioun
Loading
/

Niewt Raséieren an Hoerwechmaachcrèmen, ginn et Methoden, déi d’Hoer méi laangfristeg ewechmaachen. Déi sinn awer deier an dinn dacks wéih. D’Anne an d’Tessie tauschen hier Erfahrungen aus. Duerno kommen e puer Tipps vum Kelly zu Handjobs.