#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride
Loading
/

Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Siichtbarkeet, déi och ëmmer erëm Haass a Gewalt ausléisst. An dann ass do och Roserei op Firmen, déi déi queer Community just als Marketing gesinn, ass och an dësem Gefillscocktail. Donieft geet et dorëms, wéi Prides méi inklusiv kéinte sinn, an u wat fir Membere vun der LGBTIQA-Community dacks net geduecht gëtt.

An der Rubrik schwätzt d*e Robin iwwert Intergeschlechtlechkeet.

Shownotes
Doku iwwert Marsha P. Johnson op Netflix: The Death and Life of Marsha P. Johnson
Kuerzbiografie vum Marsha P. Johnson
Stonewall riots
Cooper Do-nuts Riot
Compton’s Cafeteria riot
Artikel vum Joël iwwer Regenbogenkapitalismus an der woxx

#118: Reiwen, Lutschen, Heemelen – Sex ouni Penetratioun

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#118: Reiwen, Lutschen, Heemelen – Sex ouni Penetratioun
Loading
/

Sex – fir vill Leit ass dat e Penis, deen an e Genital andréngt, sief et eng Vagina oder en Anus. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer Sex ouni Penetratioun. Si probéieren, endlech déi grouss Fro “Wat ass amfong Sex?” ze beäntweren an zerstéieren dobäi net nëmmen niewebäi d Virspill, mee diskutéieren och méiglech Grënn fir verschidde Perspektive vun de Grenze vu Sex.

An der Rubrik thematiséiert den Elie d Thema “Sex a Cannabis”.

#117: Vu Looks a Codes – queer Schéinheetsidealer

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#117: Vu Looks a Codes – queer Schéinheetsidealer
Loading
/

Wéi geseit een*t amfong queer aus? D’Lynn an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer queer Schéinheetsidealer: dës ënnerscheede sech vu Szene zu Szene. Sinn dës Schéinheetsidealer reng probleematesch? Wou kommen déi ganz Codes iwwerhaapt hir a firwat si se entstaan? Dëst a vill méi gëss du haut gewuer!

An der Rubrik gëtt Kelly en How To zum Thema Aftercare.

#116 Feier a Flam – iwwer Verléiftheet, Léift an änlech Gefiller

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#116 Feier a Flam – iwwer Verléiftheet, Léift an änlech Gefiller
Loading
/

Wann alles kribbelt a s du Päiperleken am Bauch hues a just nach un eng Persoun denke kanns, bass du warscheinlech verléift. Mä wat ass den Ënnerscheed tëscht Verléift-sinn a Léift? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*en Robin doriwwer, wéi sech béid Gefiller bei hinne bemierkbar maachen. Ausserdeem dréint d’Diskussioun ëm déi mysteriéis New Relationsship Energy, déi souwuel fir vill flott Momenter, mä och fir Problemer suerge kann.

#115 Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#115 Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen
Loading
/

Wéi ass et, op een Date ze goen, wann een schon een oder méi Partner*innen huet? An polyamoréisen Bezéiungen ass net esou seelen. Mä dat heescht net, datt et einfach ass. Besonnesch bei där Persoun, déi net op dem Date ass, kann et zu negativen Gefiller wéi Jalousie kommen. Mä och de Géigendeel, Compersion – Matfreeën – ass méiglech. D*e Robin, den Elie an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi dat mam Dating geet, wourobber een*t sollt oppassen a wéi een*t sech Reegelen mat senge Partner*innen ausmaache kann. An an der Rubrik erklärt Kelly, wéi een*t mat Libeskummer ëmgoe kann.