De klengen Dessert, eng Minette oder einfach nëmmen d’Verb “lecken” – hannert deene Begrëffer verstoppt sech den Akt, dee scientifique och “Cunnilingus” gennant gëtt. Oralsex u Vulven an un Anusser gëtt am Engleschen och oft einfach “eating out” gennant: also eng Persoun “aus” iessen. Mee wat huet et amfong matt deene Sexualpraktiken u sech? Firwat hu mer amfomg dausend Begrëffer fir Oralsex um Penis mee net u Vulven an Anusser? Firwat fanne Leit et flott, fir aner Leit “z’iessen” oder “giess” ze ginn? A wéi kann een*t sech bei dene Sexualpraktiken uleeën? De Joël an d*e Robin ginn denen an anere Froen no a schwätzen iwwer hir Erfarungen mat Oralsex u Vulven an Anusser.
D’Ella schwätzt an der Aktualitéitsrubrik iwwer déi geplangten Reform fir d’Recht op Ofdréiwung an d’Verfassung ze setzen.
#174: Herzschmerz am Jugendzëmmer – Éischt Trennungen
/
Share
Link
Embed
E neie September, eng nei Méi Wéi Sex Staffel! A wat kéint besser sinn fir dës aacht Staffel ze feieren wéi iwwer eisem team hir éischt Trennungen ze schwätzen! Kelly, de Joël, den Elie, d*e Robin an d’Ella schwätzen vun hiren éischte Kéieren mamm Schluss maachen a Schluss gemaach ginn, a wat hinnen gehollef huet (oder och net) fir mat dene Situatioune besser ëm ze goen.
An der Rubrik stellt Kelly Iech als leschten Deel vum Summer Book Club d’Bicher “Come As You Are” an “Come Together” vum Emily Nagoski vir.