#184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2)
/
Share
Link
Embed
Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode.
An der Rubrik schwätzt d’Ella iwwer Heterofatalismus!
Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro, Definitioun & Tropes Dark Romance Minutt 12-34: Bicher déi mir gelies hunn, hir Sexszeenen & wat mir denken Minutt 34-42: Grënn fir Dark Romance ze liesen Minutt 44-45:30: Ëmgang mat potenziell negativen Auswierkunge vum Dark Romance Trend Minutt 45:30-51:45: Ass Dark Romance eise Genre – an törnt eis dat un? Minutt 51:45-54: Wei geet et mat de Smutty Book Podcast-Episode weider? ab Minutt 54: Rubrik zu Heterofatalismus
Bicher, déi mer erwähnen: – “The Serpent and the Nings of Night” (Crowns of Nyaxia #1) vum Carissa Broadbent – “Six Scorched Roses” (Crowns of Nyaxia #1,5) vum Carissa Broadbent – “The Ashes and the Star-Cursed King” (Crowns of Nyaxia #2) vum Carissa Broadbent – “Kiss of Seduction” (Court of Chains #1) vum Rawnie Sabor – “A Little Sin” (Court of Chains #2) vum Rawnie Sabor – “Haunting Adeline” vum H.D. Carlton – “Very Bad Kings” Serie vum Jane S. Wonda – „Lights out“ vum Navessa Allen – “The Princess’s Pet” (Soul Match Series #1) vum J.K. Jeffrey
„Wenn Jugendliche Dark Romance als erste Quelle für Beziehungsgestaltung und Sexualität nutzen und daraus problematische Vorstellungen ableiten, verweist dies auf Defizite in der elterlichen und schulischen sexuellen Bildung.“ — Prof. Dr. Nicola Döring
#183: Jo, ech wëll – Gaascht op enger Hochzäit sinn
/
Share
Link
Embed
Iergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit matgemaach an deelen elo hir Erfarunge mat iech. Si erziele vu last-minute-Outfits, vu Kommunikatiounsschwieregkeeten a vun der Angscht, ob ze ville Fotoen ze sinn.
An der Rubrik erkläert Kelly, wat den Dual-Control System ass.
#182: Abortion Care is Healthcare - An aner Grënn dëst Recht ze schützen
/
Share
Link
Embed
D’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwung duechféiere lossen. Allerdéngs hu mir um Beispill vun den USA gesinn, wéi séier sech dat ännere kann. Aus dësem politesche Klima eraus huet déi lëtzebuerger Partei, déi Lénk, de Prozess an d’Weër geleet fir d’Recht op Schwangerschaftsofbroch ofzesécheren, an an der Verfaassung zu verankeren. Dozou haten zu Lëtzebuerg vill Leit vill verschidde Meenungen. An dëser Episode tauschen Ella an d*e Robin sech aus iwwer den Diskurs de Lëtzebuerg säit leschtem Joer bewegt.
An der Rubrik erklärt d*e Robin wat eng Window of Tolerance ass.
#181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech
/
Share
Link
Embed
Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et vill Schummt an Tabue ronderëm d’Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d’Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d’Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter Kéier, wou si hier Vulva am Spigel gesinn hunn, iwwert komesche Bezeechnungen an der Kandheet an iwwert Menstruatioun. Natierlech geet et awer och dorëms, wéi Masturbatioun a Sex sech op hir Bezéiung zu hirer Vulva ausgewierkt hunn. Opgepasst: An dëser Episod gëtt iwwer Erfarunge mat sexueller Gewalt an Trauma geschwat. Wann dës Themen dech belaaschten, iwwerlee dir, ob s du déi Episod vläicht mat enger Persoun zesumme lauschtere wëlls, dir eng Zesummefaassung gi wëlls loossen oder se einfach ganz skipps.
An der Rubrik schwätzt d’Ella iwwert de nationalen Aktiounsplang (PAN) „LGBTIQ+“.
Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser Episod.