De Sexpodcast vergréissert säin Team.

Déi zweet Staffel vu “Méi wéi Sex” start Ufank Oktober 2019!

Dofir si mir op der Sich no weideren oppenen an engagéierte Leit fir eis Equipe. Du wëlls mat dru schaffen, dass d’Schwätzen iwwer Kierper, Sex a Bezéiungen endlech Normalitéit gëtt? Du häss Loscht bei enger Podcast-Produktioun dobäizesinn?

Dann mell dech bis den 7. Juli mat engem Mail un sex[at]ara.lu

Mir sichen:
– eng Persoun déi Deel vum Produktiounsteam gëtt a sech mat ëm d’Organisatioun, d’Moderatioun an d’Distributioun vun den Episoden këmmert (bezuelten Aarbecht ca. 1 Dag/Woch).
– vill Persounen déi als Gäscht an de Gespréichsronne dobäi si wëllen fir zesummen iwwer alles ze schwätzen. Mir sichen explizit net just Expert*innen mee Leit, deenen et wéi eis wichteg ass dass driwwer geschwat gëtt.

“Méi wéi Sex – De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper” ass ee Projet vum CESAS, dem Referenzzentrum fir affektiv a sexuell Gesondheet an Zesummenaarbecht mam Radio ARA.