#89 Vun Dieren, déi opginn – Neiufäng

Méi wéi Sex – Staffel 4
Méi wéi Sex – Staffel 4
#89 Vun Dieren, déi opginn – Neiufäng
Loading
/

Mir sinn erëm do, an et ass ganz vill nei bei eis: Een neit Joer, eng nei Staffel, eng nei Stëmm! Passend dozou schwätze mir iwwer Neiufäng. Wat heescht et, eng nei Bezéiung, sief se frëndschaftlech, sexuell oder romantesch, anzegoen? De Joël, d’Kelly an d*e Robin diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwer déi magesch New Relationship Energy an denken doriwwer no, op een neit Kachbuch een klengen oder groussen Neiufank ass.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Tipps zu Sex mat enger neier Persoun – virum, wärend an nom Sex.

Episoden a Rubriken, iwwert déi mir geschwat hunn:
#76 Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen
Eng gutt Fro – Wéi ginn ech mat enger Trennung ëm?

#88 Ouergasmus live – Staffelfinal

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#88 Ouergasmus live - Staffelfinal
Loading
/

Et ass souwäit. D’Staffelfinal, déi mir live mat Publikum op eisem Event de 26. Juni opgeholl hunn, ass elo online. Et gëtt e Bilan vum vergaangene Joer gezunn, vill gelaacht a bal gekrasch. Mir hätte gär och iwwer d’Zukunft geschwat, mä déi kenne mir leider selwer nach net. Soubal mir méi wëssen, soe mer iech Bescheed. An Tëschenzäit wënsche mir iech vill Spaass mat dëser extended version, an där net just d’Moderatiounsteam ze héieren ass, mä och eis wonnerbaart Michèle. Op senger éischter Illustratioun fir déi drëtt Staffel hu Genitalien dierfen Auto fueren. Lo schéckt d’Michèle si gemeinsam an d’Vakanz. Mir drécken hatt ganz fest a senden och all deenen en virtuellen Hug, déi beim “Ouergasmus Live” dobäi waren, gehollef, gelauschtert a gekickelt hunn. Deenen, déi se noträglech lauschteren natierlech och.

#87 Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#87 Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner
Loading
/

An der 87. Folleg schwätzen de Joël an d‘Anne iwwer Schlussstrécher an aaner Enner. Wéi schléisst een:t säin Dag sënnvoll of? Firwat ass et gesond, heiansdo mat sech selwer respektiv bestëmmte Verhalensweise Schluss ze maachen? An wéi kann een:t Sex schéin ofronne? Dorobber sichen déi zwee Äntwerten.

#86 Ech kann dech gutt riche – Wéi Geroch eis Sexualitéit a Gefiller beaflosst

Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#86 Ech kann dech gutt riche – Wéi Geroch eis Sexualitéit a Gefiller beaflosst
Loading
/

Schweess, Duschgel, Intimberäich, Hoer, d‘Bomi – alles huet säin eegenen, spezielle Geroch. Dëse Sënn ass immens staark mat Gefiller an Erënnerunge verknäppt. Dat mierkt een*t spéitstens dann, dann et no der Trennung iwwerall nom Wäschmëttel vun der Ex richt oder een*t sech beim Aschmiere mat Sonnecrème un d‘Vakanz erënnert. D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert Schweess, iwwert Deo, den Geroch vun Intimorganer an iwwert d‘Fro, wat et eigentlech mat deem Sex-Geroch, deen een*t ëmmer eréischt nom Akt bemierkt, op sech huet.

An der Rubrik geet d‘Kelly eng zweete Kéier op Sexaarbecht an.

Wann iech d‘Thema Schweessen méi interesséiert, lauschtert eis Episod dozou.

#85 Klassismus – de Mythos vum sozialen Opstig an Ofstig

Klassismus
Méi wéi Sex – Staffel 3
Méi wéi Sex – Staffel 3
#85 Klassismus - de Mythos vum sozialen Opstig an Ofstig
Loading
/

Wat huet Klassismus mat Sproochen, Stereotyppen an Sexy-ness ze sinn? Wéi beaflossen Klassenverhältnisser eis Kierperen, Bezéiungen an Dating? Kelly an Gabi schwätzen iwwer Definitiounen vu Klassismus, dem Mythos vum sougenannten sozialen Opstig, hier eegen Positiounen a Strategien géint klassistesch Diskriminéierungen an Strukturen. 

Quellen

(op Däitsch)
– bell hooks. Die Bedeutung von Klasse: Warum die Verhältnisse nicht auf Rassismus und Sexismus zu reduzieren sind (2020)
– Betina Aumair & Brigitte Theißl (Hg.). Klassenreise: Wie die soziale Herkunft unser Leben prägt (2020)
– Francis Seeck & Brigitte Theißl (Hg.). Soldarisch gegen Klassismus: organisieren, intervenieren, umverteilen (2020)

(op Franséisch)
– Édouard Louis. Qui a tué mon père (2018)
– Édouard Louis. En finir avec Eddy Bellegueule (2014)
– Podcast: Les couilles sur la table – Cours particulier avec Didier Eribon 
(1/2) https://www.binge.audio/podcast/les-couilles-sur-la-table/cours-particulier-avec-didier-eribon-premiere-partie 
(2/2)  https://www.binge.audio/podcast/les-couilles-sur-la-table/cours-particulier-avec-didier-eribon-deuxieme-partie