#113: Costum, Minijupe oder Hoodie? – sexy Kleedung

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#113: Costum, Minijupe oder Hoodie? – sexy Kleedung
Loading
/

Bal jiddereen*t huet sexy Kleedung am Schaf – wann een déi awer matenee vergläicht, fënnt een*t net onbedéngt ganz vill Gemeinsamkeeten. D Meenungen doriwwer, wat sexy Kleedung (oder wat amfong sexy) ass, sinn sou divers wéi d Leit déi sech dës Fro stellen! De Joël an d*e Robin diskutéieren haut ebe grad dës Differenzen, mee och wee sech iwwerhaapt sexy präsentéieren däerf a wéi staark deen eegene Bléck op sech selwer vum Bléck vun aneren ofwäiche kann.

An der Rubrik erkläert Kelly wéi een*t am beschten seng Broscht oftaascht a wourop een*t oppasse sollt.

Shownotes
D’Episod #66 iwwer Ënnerwäsch ass hei ze fannen.
An der Episod erwäne mer e Museksvideo vum Sam Smith an en Artikel iwwer d Erfarunge vu net binäre Models. Hei sinn d Links:
Vogue : Just People, Just Clothes: Four Queer and Non-Binary Models on Walking the Runway Today
Sam Smith – I’m not here to make friends

25.2.2023: Méi wéi Sex sexpositiven Event

Fir d’Mëtt vun der 5. Saison vun ärem Liblingspodcast ze feieren, invitéiert di ganz Équipe iech op e Workshop-Nomëtten an een Owend mat Karaoke.

Wéini a wou? – When and where?
25.2.2023 am Bâtiment 4 zu Esch/Alzette
Auerzäiten – Schedule:
14h00 – 16h00 Workshops Slot 1
16h30 – 18h30: Workshops Slot 2
19h: Karaoke
Umeldung – Registration: iwwert dëst Formular / fill out this online form
Facebook-Event

click here for descriptions of the workshops in english!

Continue reading “25.2.2023: Méi wéi Sex sexpositiven Event”

#112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?
Loading
/

Schlussmaache per SMS? Oder léiwer ee laangt Gespréich an nach eng leschte Kéier Sex mateneen hunn? Wéi sech eng Koppel trennt, hänkt ganz vun den Ëmstänn of. Et ginn awer genuch Grënn, sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi dee schwierege Moment gestalt sollt ginn. Nodeems Kelly an de Joël schonn driwwer geschwat hunn, wéini een*t sech trenne sollt, geet et dës Kéier doriwwer, wéi dat geet. Si schwätzen doriwwer, wéi een*t eng gutt Plaz dofir fënnt, wat an engem Trennungsgespréich alles sollt gesot ginn an ob eng Kontaktpaus no der Trennung sënnvoll ass.

An der Rubrik gëtt den Elie Tipps, wéi een*t een gudden Ally fir trans Persounen ka sinn.

Shownotes:
Eis éischt Episod iwwer Trenungen: #110 Dump them? Wéini trennen ech mech (net)
Eis Episod iwwer Frëndschaft no Trennung
Buch: „Come as you are“ vum Emily Nagoski
Podcast: Breaking Up, Getting Back Together, and Everything in Between

Ulafplatzen fir gewaltvoll Bezéiungen

#111: Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#111: Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen
Loading
/

Wat huet de Leonardo Di Caprio mat Équatiounen ze dinn?
De Joël, d’Lynn an d*e Robin diskutéieren an dëser Episod iwwer hir Erfarungen mat Age Gaps. Wat hunn Age Gaps mat Queerness ze dinn, wat sinn d Risiken vun Age Gaps a wéi kann een*t mat dëse Risiken ëmgoen a sech selwer an aner Leit schützen?

#110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net)

Méi wéi Sex – Staffel 5
Méi wéi Sex – Staffel 5
#110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net)
Loading
/

An dëser Folge beschwätzen de Joël an Kelly wéini een sech trennen sollt, wéini een net Schlussmachen sollt – an alles do datescht. Et geet em Kodépendenz, Zukunftsvirstellungen, Sech-net-méi-richen-kennen, Bindungsmusteren an nach vill méi.

Liesetipps
– “Polysecure” vum Jessica Fern (Sëcher Bezéiungen zu Aaneren an zu sech Selwer opbauen)
– “Attached” (Bindungstheorie, Bindungtypen, Bindungsmusteren)
– “In the dream house” vum Carmen Maria Machado (Roman iwwert eng absuiv Bezéiung)

Ulafplatzen fir gewaltvoll Bezéiungen
Femmes en détresse
VISAVI: Informatioun a Berodung fir Fraen, déi vu Gewalt duerch Partner*in betraff sinn
LOG-iN: Berodung fir Fraen, déi an enger Noutsituatioun sinn oder vu Gewalt betraff
– weider Ulafstellen fannt der héi: https://cid-fg.lu/en/news/liste-mit-anlaufstellen-fuer-opfer-und-taeterinnen-haeuslicher-gewalt/