Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä och hei huet ären Liblingssexpodcast Tipps fir Iech! An an der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wéi ee Business Meeting hëllefe kann, besser ze kommunizéieren.
Vergiesst och net eisen Event de 6. Juli an de Rotonden, wou dir bei Workshops a bei enger Live-Opnam vun enger Episod kënnt dobäi sinn.
#145: Vu Gefiller a Kierperen – Schwangerschaft
Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perceptioun vu sech selwer an der Welt an wéi seng Bezéiungen mat de Leit a sengem Liewen sech verännert hunn.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer de Mythos vum vaginalen Orgamus.
#144: Oneenegkeeten aushalen – Konstruktiv Streiden
Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wourobber een*t wärend engem Sträit oppasse sollt a wat een*t duerno maache kann, fir erëm zou sengem Géigeniwwer an sech selwer ze fannen.
An der Rubrik geet et ëm een Thema, datt dir méi entspaant ugoe sollt: Den Elie erkläert eis, wéi een een Analplug benotzt.
#143: Ech wëll eppes vun dir an ech weess genee wat – queer netmonogam Frënd*innenschaften
Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn – a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queerness a Net-Monogamie déi Frënd*inneschaften stäerkt.
An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Spectatoring.
Shownotes:
6. Juli 2024: End of Season Event
Geschwënn ass et endlech erëm souwäit, eisen nächsten Event steet un! Et gi rëm Workshops, d’Geleeënheet zesummen ze chillen an dobäi net nëmmen d’Méi wéi Sex-Community mä och d’Team besser kennen ze leieren. Owes ass eng Show a mir huele live eng Episod op.
Wéini a wou? – When and where?
6.7.2024 an de Rotonden an der Stad
Auerzäiten – Schedule:
13h00 – Ufank/Beginn
13h30 – 16h30: Drag Workshop
14h30 – 16h30: Shibari Workshop
16h45 – 18h15: Live Podcast Episod
18h30 – 19h30: Drag Show
19h30 – Open End: Meet and Greet
Umeldung – Registration: iwwert dëst Formular / fill out this online form
Facebook-Event