
A bal all Mainstream-Film kënnt eng Sexzeen vir. Mee wat kritt een do iwwerhaapt ze gesinn? A ginn et Saachen, déi nie gewise ginn? D’Anne an d’Tessie deelen hier Andréck. Duerno kläert d’Kelly mat Mythe ronderëm de Penis op.
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper
A bal all Mainstream-Film kënnt eng Sexzeen vir. Mee wat kritt een do iwwerhaapt ze gesinn? A ginn et Saachen, déi nie gewise ginn? D’Anne an d’Tessie deelen hier Andréck. Duerno kläert d’Kelly mat Mythe ronderëm de Penis op.
Wat huet et mat eroteschen Dreem op sech? Wat bedeiten se? Wat schwätzt dofir a wat dogéint aneren dovun ze erzielen? Doriwwer huet d’Tessie mat eisem Gaascht, dem Isabel geschwat. Dëst Kéier gëtt et souguer zwou Rubriken an enger: “Eng Gudd Froo” an “HowTo” Pegging!
Wéivill schweessen ass normal? Wéi kann een domat ëmgoe, wann een d’Gefill huet zevill ze schweessen? D’Anne an d’Tessie hu sech doriwwer hier Gedanke gemaach. Am Kelly senger Rubrik dréit sech alles em de Sextoys.
Wat ass den Ënnerscheed tëscht enger Frëndschaft an enger romantescher Bezéiung? Gemeinsam Aktivitéiten, Gefiller, Dauer, Intimitéit!? D’Kelly an Tessie schwätzen driwwer. An der Rubrik geet et ëm Oralsex an doriwwer, wann ee sech weder als Jong nach als Meedchen définéiert.
Wéieng sexuell Fantasie ginn et – a firwat? Wat hu Fantasien mat der Realitéit ze dinn? Wéi schwätzen ech mat Sexualpartneren iwwert déi Fantasien? Ass et normal beim Sex un aner Leit ze denken?