How to: Aftercare

Rubriken
Rubriken
How to: Aftercare
Loading
/

Aftercare ass Englesch fir “Nosuerg” (after = dono, care = (em)suergen), also sech no sexuellen oder intimen Kontakt emëneen këmmeren.

Oft mëscht een Aftercare ouni dat een d’Wuert dofir kennt: Kuschelen, Waasser drénken, Schwätzen, sech halen, Schockela iessen oder eppes snacken, eleng oder zesummen duschen, Musik lauschteren, eng Taass Téi, …
Et geet drëm ze kuken, dat et jidderengem gutt geet a wat all Persoun brauch (dat kann ganz ënnerschiddlech sinn) fir sech gutt aus dem gemeinsamen Kontakt ze léisen an rëm bei sech an an der Realitéit unzekommen. 🫂 💬 🛁 🍫🫖 🎶

Mir froen éis: Wat ass alles Aftercare?
Wéini an”no” wat mecht een Aftercare?
Firwat a fir ween?

P.S. D’Wuert Aftercare kennt also net vun After (Anus)! Wann dech dat interesséiert, dann lauschter den “How to: Intim Hygiène” oder den “How to: Analsex” 😀

Kapitel 6: Wat ass Arousal Non-Concordance?

Rubriken
Rubriken
Kapitel 6: Wat ass Arousal Non-Concordance?
Loading
/

Arousal Non-Concordance heescht: D’kierperlech Reaktioun vun Ereegung (bei de Genitalien) an sech ungetörnt spieren stemmen net iwwereneen.

Des geet an zwee Weeër: Entweder et spiert een sech sexuell ugetörnt, mee d’Genitalie reagéieren net (mat steif a fiicht ginn). Oder: Genitalie reagéieren op eppes a fëllen sech mat Blutt an gi fiicht ouni dat een ugetörnt ass.
Dëst ass ganz normal a geschitt 50-90% vun der Zäit.

Mir froen eis: Firwat geschitt Arousal (Non-)Concordance? An firwat wëssen nach net méi Leit iwwer Arousal Non-Concordance Bescheed?

Quelle: “Come as you are” vum Emily Nagoski (Kpaitel 6)

Kapitel 6 (bonus): Ënnerscheed tëscht Erreegung, Loscht an Unzéiung?

Rubriken
Rubriken
Kapitel 6 (bonus): Ënnerscheed tëscht Erreegung, Loscht an Unzéiung?
Loading
/

Wat ass den Ënnerscheed tëscht Erreegung, Loscht an Unzéiung? An firwat ass et hëllefraich, deen ze kennen?

Quellen:
“Sexual Arousal, Desire and Attraction: What’s the Difference?” Video vum Hannah Witton
– Méi Infoen zu ‘responsive desire’ an ‘spontaneous desire’ am Video vum Hannah Witton “The Truth About Sexual Desire
– Episode: Demisexualitéit
– Rubrik: Dual Control System
– Rubrik: Arousal Non-Concordance

How to: Liebeskummer

Rubriken
Rubriken
How to: Liebeskummer
Loading
/

Wat fir Strategien ginn et bei Liebeskummer?
Ass et besser sech ofzelenken oder driwwer ze schätzen? Wat heescht et den “stress cycle” ze completéieren – an firwat ass dat wichteg? An fir wat ass eng “Liebeskummermelodie” gutt?

Quellen an Buchtipps
– “Burnout: Solve your Stress Cycle” vum Emily & Amelia Nagsoki
– Fir d’Bezéiung zu sech selwer stäerken: “Polysecure” (Kapitel 9) vum Jessica Fern

Kapitel 7: Mythos Sexdrive

Rubriken
Rubriken
Kapitel 7: Mythos Sexdrive
Loading
/

Sex ass keen Drive.
Wierklech net – och wann et sech heinsdo esou ufillt!

Mee wat ass Sex dann? An firwat ass et iwwerhaapt wichteg Sex net als eng Drive ze verstoen? An wat huet spontan a responsive Loscht domat ze dinn? Lauschter eran fir d’Äntwerten op des Froen.