#38: Frëndschaft “Mann/Fra”?

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#38: Frëndschaft “Mann/Fra”?
Loading
/

Kënne Männer a Fraen enk Frëndschafte mateneen hunn, ouni dass et komplizéiert gëtt? D’Kelly an d’Tessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen. An der Rubrik dréit sech alles ëm Squirten.

#37: Dating

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#37: Dating
Loading
/

Wat ass d’Definitioun vun engem Date? A wéi ënnerscheed sech monogamt vun net-monogamen Daten? Äntwerten op dës Froen ze fannen, ass net sou einfach wéi ee menge kéint…

#36: Dirty Sex

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#36: Dirty Sex
Loading
/

Wa Leit vu sech behaapten, knaschtege Sex ze hunn, wat menge se domat? Séieren, onperséinlechen Sex? Ongewéinlech Stellungen? Rollespiller? Dirty Talk? Wat ass den Ennerscheed zu sougenanntem “Blümchensex”? D’Kelly an d’Tessie hu probéiert et rauszefannen.

#35: Self-Care

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#35: Self-Care
Loading
/

Fir säin Alldag kierperlech a psychesch gutt ze iwwerstoen, ass et wichteg, Self-Care ze maachen. Mä wat ass dat iwwerhaapt a muss een dofir ëmmer Suen ausginn? D’Kelly an d’Tessie hunn iwwer hier Erfahrunge geschwat. An der uschléissender Rubrik dréit sech alles ëm déi éischte Kéier.

#34: Bisexualitéit

Méi wéi Sex – Staffel 1
Méi wéi Sex – Staffel 1
#34: Bisexualitéit
Loading
/

Vun alle sexuellen Orientéirungen ass Bisexualitéit wahrscheinlech déi, déi am heefegste vergiess oder mëssverstane gëtt. D’Tessie huet mat sengem Gaascht, dem Joël, iwwer Virurdeeler an de Mangel u bisxueller Personnagen geschwat.

An der Rubrik dréit sech alles ëm sexuell iwwerdrobar Krankheeten a wéi een et vermeide kann, sech oder anerer unzestiechen.